arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Trump kënnegt Relance vun den US-Atomwaffentester un

International

|
headphones

1 min

Trump kënnegt Relance vun den US-Atomwaffentester un

Kuerz virun der Entrevue mam chineesesche Staatschef Xi Jinping huet den US-President Donald Trump ugekënnegt, datt d'USA hir Atomwaffentester nees géinge relancéieren. Dëst huet hien op senger Online-Plattform Truth social geschriwwen.   

headphones

1 min

Den Donald Trump bei senger Entrevue mam Xi Jinping. | © EPA/YONHAP SOUTH KOREA OUT
Den Donald Trump bei senger Entrevue mam Xi Jinping. (Foto: EPA/YONHAP SOUTH KOREA OUT)

De Grond dofir wieren déi sëllegen Testprogrammer, déi aner Länner schonn en place hunn, esou den Donald Trump. 

Ëm wéi eng Tester et dobäi geet, a wéi eng Waffe getest solle ginn, ass aktuell net gewosst.

Et sinn 30 Joer hier, datt d‘USA déi leschte Kéier esou Tester gemaach hunn. Den Trump huet déi Annonce gemaach, kuerz ier hien hënt e Gespréich mam chineesesche President Xi Jinping a Südkorea hat.

China-Rees am Abrëll

Béid hunn iwwregens 1 Stonn a 40 Minutte matenee geschwat. Duerno hu si sech virun de Kameraen d‘Hand ginn, mee hu keng Deklaratioun gemaach.

Den Donald Trump huet entretemps Südkorea erëm verlooss. Um Wee zeréck, u Bord vun de Air Force One, sot den Trump, datt et wäert en Accord mat China iwwer d‘Terre-rarë ginn. Am Abrëll wéilt hien a China reesen. D‘Renconter mam Xi Jinping wier also e Succès gewiescht.