arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Spannungen tëschent den USA, Venezuela a Kolumbien eskaléieren

Kampf géint den Drogeschmuggel

|
headphones

1 min

Spannungen tëschent den USA, Venezuela a Kolumbien eskaléieren

D‘USA mobiliséiere militäresch Moyene fir de Kampf géint den Drogeschmuggel a Latäinamerika. De Verdeedegungsminister Pete Hegseth huet e Flugzeugträger an d‘Regioun geschéckt. Dowéinst eskaléieren d‘Spannungen tëschent den USA a Venezuela a Kolumbien.

headphones

1 min

De Flugzeugträger USS Gerald Ford. | © Defense Visual Information Distribution Service (Public Domain Dedication)
De Flugzeugträger USS Gerald Ford. (Foto: Defense Visual Information Distribution Service (Public Domain Dedication))

De President vu Venezuela, den Nicolás Maduro, sot, d‘USA géif e Krich fabrizéieren. Gëschter um Freideg haten d‘USA nees e presuméiert Droge-Schëff am Mier an der Karibik zerstéiert. Déi sechs Leit u Bord koumen ëm d‘Liewen.

Washington seet, si wiere Member vun enger Drogebande aus Venezuela gewiescht, déi vun den USA als terroristesch Organisatioun klasséiert ass.

Et gouf international Kritik un dëser an aneren Attacke vun den USA géint presuméiert Drogeschëffer an der Karibik an am Pazifik. D'UNO bezweifelt, datt d‘USA eng rechtlech Grondlag fir déi Attacken hunn.