arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fréieren Trump-Beroder John Bolton ugeklot

USA

|
headphones

1 min

Fréieren Trump-Beroder John Bolton ugeklot

An den USA gouf dem Donald Trump säi fréier Beroder John Bolton ugeklot. Dat huet de Justizministère zu Washington matgedeelt. Dem Bolton, deen dem Trump säi fréieren nationale Sécherheetsberoder war, gëtt elo virgehäit, sensibel Donnéeën iwwer déi national Verteidegung weider ginn ze hunn.

headphones

1 min

© EPA/Ida Marie Odgaard
(Foto: EPA/Ida Marie Odgaard)

Dobäi kënnt en net konforme Stockage vun dësen Donnéeën.

De Bolton huet sech zu engem vun de prominentste Kritiker vum Trump entwéckelt. Hien ass elo a kuerzer Zäit deen zweeten Trump-Géigner, deen offiziell vun der Justiz beschëllegt gëtt, dat nom fréieren FBI-Direkter James Comey.