arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Éischt Semester 2025: Budget ëm 111 Milliounen Euro am Minus

Wirtschaft

|
headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Éischt Semester 2025: Budget ëm 111 Milliounen Euro am Minus

D’Staatsfinanzen entwéckelen sech manner gutt wéi virun engem Joer. Nom éischte Semester dëst Joer ass de Budget vum Zentralstaat ëm 111 Milliounen Euro am Minus, esou d’Zuelen, vum CSV-Finanzminister Gilles Roth.

headphones

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Suen am Portmonni | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Suen am Portmonni (Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb)

D’Recette sinn an den éischte sechs Méint vum Joer just em 2,5 Prozent par rapport zum selwechten Zäitraum zejoert geklommen. D’Ausgaben allerdéngs ëm 6,9 Prozent. Déi Situatioun mécht dem Gilles Roth eegenen Aussoen no awer keng Suergen.

“Mir gesi generell eng dynamesch Entwécklung op der Finanzplaz. (...) Fir de Recht mengen ech, datt déi Moossnamen, déi mir fräiwëlleg ergraff hunn – notamment de Wunnengsbau – datt déi natierlech och hiren Néierschlag fonnt hunn um Niveau Mindereinnahme beim Enregistrement.”

De Gilles Roth ass weiderhin zouversiichtlech, datt een d’Zilsetzung, déi am Budget festgehale gouf, wäert erreechen. 

Dofir wiere fir de Moment och keng Korrekturen néideg, esou nach de Finanzminister. De Gilles Roth mécht déi manner staark Staatsrecetten ënnert anerem doru fest, datt d’Regierung d’Steiertabell deelweis un d’Inflatioun ugepasst hätt.

play_arrow Lauschteren