arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Diskussioun iwwer Handelsaccord tëschent EU an Israel 

EU-Ausseminister-Conseil

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Diskussioun iwwer Handelsaccord tëschent EU an Israel 

Den Handelsaccord tëschent der EU an Israel steet haut, um Dënschdeg, zur Diskussioun ënner den EU-Ausseministeschen a Ministeren, déi sech zu Bréissel gesinn. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Europäesch Kommissioun | © Wiktor Dabkowski
Europäesch Kommissioun (Foto: Wiktor Dabkowski)

No der Annonce vun der EU-Aussebeaoptraagt Kaja Kallas leschten Donneschdeg ass domat ze rechnen, datt d'Ministeschen a Ministeren an hirer Reunioun vun haut keng Decisioun iwwer méiglech Konsequenze fir Israel am Zesummenhang mam Handelsaccord wäerten huelen. DKaja Kallas hat ugekënnegt, datt d'EU een Accord mat Israel iwwer humanitär Mesuren an der Gazasträif hätt.

D'EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas hat den Optrag kritt, eng Lëscht mat Optiounen zesummenzestellen, wéi déi Europäesch Unioun kéint op Violatioune vu Säite vun Israel vun deem Accord reagéieren.

10 méiglech Mesure fir Israel

Den Accord iwwer déi humanitär Hëllef géif scho Resultater um Terrain weisen, hat de Porte Parole vun der Kommissioun Enn leschter Woch verséchert. Hien hat ënner anerem d'Ouverture vun engem Grenziwwergank am Norde vun der Gazasträif genannt, genee wéi d'Autorisatioun fir d'Unicef fir Waasserleitungen ze flécken. 

Ob dat de 27 EU-Länner duergeet, fir vu Strofmesuren am Zesummenhang mam Handelsaccord mat Israel ofzegesinn, mussen d'Diskussioune vun haut weisen. 

D'EU-Aussebeoptraagt huet de Ministeschen a Ministeren eng Lëscht vun 10 méigleche Mesurë virgeluecht. 

Fënnef dovu betreffen den Accord direkt: D'Propose gi vun enger ganzer Suspensioun, iwwer just de politeschen Dialog op Äis ze leeë bis bei d'Erliichterunge fir israeelesch Produiten um EU-Maart opzehiewen. 

EU-Memberlänner si sech net eens 

Aner Mesurë gesi vir, keng Produite méi aus de Kolonien ze importéieren, oder d'Visafräiheet an de Loft-Accord ze suspendéieren. Schliisslech kéint och déi wëssenschaftlech Zesummenaarbecht oder déi israeelesch Participatioun u Programmer fir Studenten a Studentinnen (zum Beispill den Erasmus) gestoppt ginn. 

Fir een Deel vun deene Mesurë brauch een d'Unanimitéit, fir  anerer geet eng qualifizéiert Majoritéit duer. Mee béides wier méiglecherweis schwéier ze erreechen, well d'Memberlänner sech an där Fro net eens sinn.

play_arrow Lauschteren