arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Liwwerkettegesetz: "Bedenklech, wann d'EVP géif mat Rietsextreeme stëmmen"

Face à Face

|
headphones

3 min

headphones

23 min

play_arrow

Liwwerkettegesetz: "Bedenklech, wann d'EVP géif mat Rietsextreeme stëmmen"

De Jean-Louis Zeien vun der Initiative pour un Devoir de Vigilance ass besuergt doriwwer, wann d'EVP zesumme mat rietsextreeme Parteien um EU-Niveau e Liwwerkettegesetz géif stëmmen. E Vott fir eng Ännerung vun deem Gesetz tëschent de Sozialisten, de Liberalen an der EVP war net duerchgaangen.

headphones

3 min

headphones

23 min

play_arrow
Ana Angel  | © Ana Angel
René Winkin, Jean-Lou Zeien (Foto: Ana Angel )

D'EVP hätt wëllen déi aner Parteie vun der Mëtt am Europaparlament erpressen, fir eng Ännerung vum Liwwerkettegesetz duerchzedrécken, fënnt de Jean-Louis Zeien am Face à Face mam René Winkin vun der FEDIL.

Et wier bedenklech, wann d'EVP elo wéilt mat rietsextreeme Parteien zesummen eng Ännerung stëmmen. 

"Wann elo d'Brandmauer géint Rietsextreem ofgerappt gëtt vun der EVP, grad an der Fro vun de Mënscherechter an Entreprisen, dann hu mir ee Prozess agelaut, deen extreem bedenklech ass. An et huet gewisen, datt mat Erpressung am Europaparlament net ze fonctionéieren ass. Wat kloer ass, déi Deregulatiounswell, déi elo lassgetrëppelt ginn ass, déi ass net an der Rei." 

All d'Lobbyisten, déi dat do forcéiere wéilten, wiere mat dofir verantwortlech, wat an de Liwwerkette géif schifgoen, esou nach de Jean-Louis Zeien.

Kann een d'Saach net schwaarz-wäiss kucken

Den Direkter vun der FEDIL, de René Winkin, fënnt, datt een d'Saach net ganz schwaarz-wäiss kéint gesinn.

Et misst ee méi e Fokus setzen an da bei Mëssstänn an de Liwwerkette reagéieren. All eenzel Liwwerketten um Radar ze hunn an dann ze intervenéieren, wier fir d'Entreprisen an der Praxis net machbar, esou de René Winkin. 

Kloer Präferenzen

Deementspriechend wier dem René Winkin e méi labbere Gesetztext vun der Kommissioun léiwer. Hien hofft am Europaparlament op eng Majoritéit. Am beschte vun der Vollekspartei, de Sozialisten an de Liberalen.

"Oder et fënnt sech eng aner Majoritéit am Parlament. Mir wiere frou, wann dee Kompromëss vun der Mëtt kéint duerchgoen, wou och déi dräi Parteie sech eens gi waren."

De Jean-Louis Zeien, dee sech mat senger Initiativ zënter Jore fir Transparenz bei de Liwwerketten asetzt, huet eng Preferenz fir de viregte Kompromëss, iwwer dee jorelaang verhandelt gouf.

"Ier d'Madamm Von Der Leyen elo erëm ugefaangen huet, eng richteg Deregulatiounswell lasszetrëppelen. Dat heescht näischt anescht wéi: Regele solle vreckt gemaach ginn, déi Mënscherechter schützen. A wat skandaléis ass, dat ass: Déi bescht Alliéiert fir dës Deregulatiounswell, am Europaparlament, dat si grouss Deeler vun der Europäescher Vollekspartei."

Um Donneschdeg soll dann am Europaparlament iwwer en ofgeschwächtent EU-Liwwerkettegesetz ofgestëmmt ginn.

play_arrow Lauschteren