arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Temu riskéiert eng Geldstrof wéinst Verstouss géint d'EU-Digitalrecht

EU-Kommissioun

|
headphones

1 min

Temu riskéiert eng Geldstrof wéinst Verstouss géint d'EU-Digitalrecht

Déi chineesesch Online-Plattform Temu géif géint d'EU-Digitalrecht verstoussen, esou d'EU-Kommissioun. Et wier nogewisen, datt fir Konsumenten an der EU een héije Risiko géif bestoen, fir op Temu op illegal Produiten ze stoussen, heescht et no enger virleefeger Aschätzung vu Bréissel.

headphones

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

Dat wier virun allem bei Bëbee-Spillsaachen a klengen elektroneschen Apparater de Fall, heescht et. Déi géifen d‘EU-Normen net respektéieren. Sollt de Verdacht sech confirméieren, riskéiert Temu eng Geldstrof vu bis zu 6 Prozent vu sengem weltwäite Gesamtëmsaz.

Iwwer 45 Millioune Leit an der EU sollen all Mount Temu aktiv notzen, esou d‘Online-Plattform.