D'EU schéngt am Moment alles dofir ze maachen, fir datt d'Situatioun net weider eskaléiert. Den LSAP-Deputéierten a fréiere Wirtschaftsminister Franz Fayot seet am 100,7-Interview, datt et sécher net falsch wier, op ze Schinnen ze fueren an ze probéieren, den Dialog oprechtzëerhalen.
Mee op där anerer Säit wier et och grad esou wichteg fir Unitéit ze weisen a fir eng staark Reaktioun virzebereeden, esou den LSAP-Politiker.
Sech net op e Spill aloossen
An enger éischter Phas gëtt en éischte Sanktiounspak gemaach, déi éischter mat symbolesche Produiten, wéi Jeansboxen, Bourbon oder Harley Davidson d'Taxen erhéicht. Mee de Franz Fayot mengt, datt et wichteg wier fir a Perspektiv ze setzen, datt dat net de Schluss wäert sinn. Aner Sanktiounen, beispillsweis op digital Entreprisen, kéinten nokommen.
“Ech mengen, wat wichteg ass, dat ass datt d'Europäer Unitéit weisen, sech net trenne loosse vum Trump, well et ass gewosst, datt dat d'Spill ass, wat hie gäre mécht.”
E bëssen ass dat awer schonn de Fall, wann een esou wëllt. Dat weist sech zum Beispill bei der Tax op de Bourbon. Do hunn elo schonn déi Länner, déi vill Alkohol exportéieren, wéi Italien a Frankräich Drock gemaach fir d’Taxen erofzesetzen.
Op engem Punkt ass d'EU vulnerabel
Natierlech géing et Nuancë ginn tëschent de verschiddene Länner, mengt de Franz Fayot. Wichteg wier allerdéngs de Message, dee vun der EU-Kommissioun erausgeet.
“Engersäits vun der Presidentin von der Leyen, déi nach eng Kéier rappeléiert, datt eng Offer um Dësch läit, an awer och den Handelskommissär Sefcovic, deen och kloer sot, datt an där Reunioun gëschter eng Unitéit do war, fir eeben déi Method mat enger Deseskalatioun a mat enger staarker Reaktioun a Perspektiv ze setzen.”
Et dierft awer kee Spléck tëschent den europäesche Länner entstoen. Dat wier d'Archillesfeescht vun der EU, betount de fréiere Wirtschaftsminister.
"Eng unilateral Aggressioun"
Mee souguer wann d'Europäer zesummenhalen, muss ee sech d'Fro stellen: Ass sech iwwerhaapt eppes vu Verhandlunge mam Donald Trump ze erwaarden? Kanada a Mexiko zum Beispill haten an der éischter Regierungszäit vum Donald Trump e Fräihandelsaccord mam US-President selwer ausgehandelt. Dee gouf elo an Zäit vu just e puer Deeg komplett zerrappt. Dat weess och de Franz Fayot, dee staark Wierder fënnt.
“Den Trump a seng Mafia, dat ass wierklech eng Kalamitéit. Dat kann een net anescht soen. An ech sinn och effektiv ganz skeptesch, dass ee mat deene Leit kann am Endeffekt e räsonabelen Deal, fannen.”
Et wier eng unilateral Aggressioun, esou de Franz Fayot. Een internationalen Handelssystem, deen iwwer Joerzéngten opgebaut gouf, gëtt bannent e puer Wochen op de Kapp gestallt. Op Grond vun deem "desastréisen Impakt" op d'Weltekonomie weist de Franz Fayot sech am 100,7-Interview dann awer och skeptesch, ob d'Deseskalatioun effektiv déi richteg Method ass. Dat mat Bléck op déi amerikanesch Reaktiounen op déi chineesesch Géigemesuren.
“An do gesäit een, datt wierklech op amerikanescher Säit op Escalade gesat gëtt an op eng Surenchère. An dat weist natierlech drop hin, datt mir eis och als Europäer mussen drop virbereeden, fir déi méi grouss Waffen erauszehuelen."
D'Stäerke vum europäesche Bannemaart
Mee wat wier d’Alternativ? Nei Allianze mat anere Länner? Virun allem misst Europa elo autonom ginn. Dofir kéint een dës Situatioun och als Chance gesinn, esou den LSAP-Deputéierten.
“Dat heescht, mir mussen eis selwer Capacitéiten opbauen a mir mussen effektiv mat anere Länner, déi raisonnabel sinn, wéi Kanada, wéi südamerikanesch Länner, awer och mat asiatesche Länner, méi enk verbannen. Mee mir musse virun allem och eise Bannemarché weider ausbauen.”
De gréisste Marché fir d'EU fir nach ëmmer d'EU selwer, betount de Franz Fayot. Ee Marché, deen och vill Virdeeler huet, wéi kuerz Weeër a Partner, op déi ee sech verloosse kann.