Radioen

On air

Concert  |  Romantesch Téin aus der Philharmonie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zousätzlech amerikanesch Importtaxen triede vun haut un a Kraaft

Situatioun op de Boursse weider ugespaant

Zousätzlech amerikanesch Importtaxen triede vun haut un a Kraaft

Déi zousätzlech amerikanesch Importtaxe sollen haut um Mëttwoch um 6 Auer eiser Zäit a Kraaft trieden. Déi Taxen si jee no Land ënnerschiddlech héich a gëlle fir Länner, mat deenen d'USA aus Siicht vun der Trump-Regierung e groussen Handelsdefizit opweisen. Fir d'Europäesch Unioun gëllen 20 Prozent.

auto_stories

1 min

Fir China géifen d'USA vun haut un eng Douanestax vun 104 Prozent applizéieren. Dat huet den Donald Trump confirméiert. Dat, well China bis elo refuséiert hätt, seng Géigentax vu 34 Prozent op amerikanesch Importer zeréckzezéien. 

D'USA schénge bereet ze sinn, mat eenzele Länner nach iwwer d'Douanestaxen ze verhandelen. Den Telefon géif permanent schellen, sot d'Spriecherin vum Wäissen Haus. Méi wéi 70 Länner hätte sech scho gemellt fir iwwer d'Taxen ze diskutéieren.

Déi 27 EU-Memberstaate wëllen haut iwwer eng éischt Reaktioun ofstëmmen op déi amerikanesch Taxen op Stol- an Aluminium-Importer, déi schonn ee Mount laang a Kraaft sinn. Am Gespréich si Géigentaxen, zum Beispill op Motorrieder an Jeans aus den USA.

Boursse reagéiere weider ugespaant

Op de Boursse ginn et iwwerdeems weider Schwankunge wéinst den amerikaneschen Douanestaxen. D'Bourssen an Asien an Europa hate sech gëschter um Dënschdeg liicht erkritt, mee an den USA hunn déi wichtegst Indexe gëschter mat Verloschter zougemaach. Den Nasdaq huet iwwer 2 Prozent verluer an den Dow Jones bal 1 Prozent. 

Um Mëttwochmoien huet an Asien d'Bourse zu Hongkong bei der Ouverture iwwer 3 Prozent verluer a Shanghai war méi wéi 1 Prozent am Minus.