Radioen

On air

9 bis 1  |  The Beatles - Lucy In The Sky With Diamonds

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luc Frieden start eng Offensiv fir “méi einfach EU-Reegelen”

EU-SOMMET ZU BRÉISSEL

Luc Frieden start eng Offensiv fir “méi einfach EU-Reegelen”

Vun “Dereguléierung” wëllt de Lëtzebuerger Premier am Virfeld vum EU-Sommet net schwätzen. Ze komplex Reegele stéingen de néidegen Investitiounen am Wee, sou de Luc Frieden. Et geet net nëmmen ëm d’Diskussioun iwwert eng europäesch Supervisioun vun de Finanzmäert, mee och ëm aner EU-Direktiven.

auto_stories

4 min

headphones

2 min

Luc Frieden  | © Foto: European Union play_arrow
Luc Frieden (Foto: Foto: European Union)

D’Fro vun der Kompetitivitéit vun der EU a méi prezis déi, wéi kann dofir gesuergt ginn, datt méi Suen an Europa investéiert ginn, ass eng mat där sech d’Staats- a Regierungscheffen op hirer Reunioun zu Bréissel um Donneschdeg beschäftegen. 

Méi einfach Reegelen, keng “Dereguléierung”

Am Virfeld vun deem Sommet huet sech de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden an engem Meenungsbäitrag an der brittescher Dageszeitung “Financial Times” fir méi einfach Reegelen um Finanzmarché aus.

“Méi clever Reegele kënnen hëllefen d’Fongen, déi fir d’Sécherheet gebraucht ginn, ze deblockéieren”, esou d’Iwwerschrëft vun deem Beitrag.

D’EU bräicht vill Suen, fir den Erausfuerderungen, déi usti gerecht ze ginn - ma ze laang scho géife komplizéiert Reegelen d’Geschäfter belaaschten an Investitiounen ofschrecken, schreift do de Lëtzebuerger Premier.  

“Dereguléierung” wëllt de Premier seng Proposen net nennen. Lëtzebuerg ass fir méi einfach Reegelen. Och fir datt méi Suen an Europa kënnen investéiert ginn, sou de Luc Frieden kuerz vrum EU-Sommet géintiwwer der Press.

Lëtzebuerg weider géint eng EU-Supervisioun vun de Finanzmäert

Gestridde gëtt den Ament an der EU doriwwer, op ee fir d’Kapitalflëss eng europäesch Supervisioun brauch. Nee seet do dozou Lëtzebuerg zesumme mat anere Länner.

"Mir si fir eng Vereinfachung vun de Reegelen a si fir gemeinsam Reegelen. Bürokratesch Instrumenter opbauen, der ëmmer nach méi opriichten, ass een Zäitverloscht a bréngt näischt."

Aplaz dovu sollt dem Luc Frieden no een Netzwierk vu “Centres d’excellence” fir d’Iwwerwaachung opgebaut ginn.

"Déi déi eppes an enger Matière besonnesch kënnen, dat ass zum Beispill an Irland an zu Lëtzebuerg de Fall, sollten hir Kompetenze mat deenen aneren deelen. Mir sinn also konstruktiv an dëser Debatt."

Debatt iwwert EU-Supervisioun geet virun

Scho virun engem Joer haten d’EU- Staats- a Regierungscheffen deen nämmlechten Debat gefouert. Deemools war d’Iddi vun enger zentraler Supervisioun wéinst der Oppositioun vu Lëtzebuerg an anere Länner net zeréckbehale ginn. Nieft Irland a Lëtzebuerg sinn och verschidden osteuropäesch Staate géint eng Zentraliséierung vun der Iwwerwaachung. Den Debat ass awer net vum Dësch, sou de Luc Frieden, well “verschidde Länner, virun allem Frankräich, wëllen eng total Zentralisatioun hunn.”

Och d’Europäesch Kommissioun ass der Meenung, datt déi national Autoritéiten un hir Limitte stoussen an eng méi staark europäesch Supervisioun besonnesch grenziwwergräifend Aktivitéite méi einfach maache géif. D’Kommissioun huet wëlles am Hierscht, eng legislativ Propos op den Dësch ze leen.

An der EU wier an der Lescht villes iwwerreguléiert ginn, sou de Premier a sengem Meenungsbäitrag an der “FT”. Lëtzebuerg géif sech dowéinst fir eng Vereinfachung asetzen, erkläert de Luc Frieden zu Bréissel.

"Mir hätte gären, datt Europa, datt Lëtzebuerg, déi Plaz ass, wou Aarbechtsplazen entstinn, an duerfir muss ee mat den Entreprisë kucken, wéi mir kënne méi pragmatesch un dat Reegelwierk erugoen. Dat ass eist Zil an dofir wäert ech och haut hei um europäesche Conseil plädéieren."

Reegele fir Finanztransaktiounen nees labberen?

Konkret huet de Premier an der “FT” d’Direktiv iwwert d’Transparenz vun de Finanztransaktioune (MIFID) ernimmt.

Well d’Regierung elo d’Geleeënheet notzt, fir déi Direktive, där Lëtzebuerg ni ganz positiv géintiwwer stoung, op de Leescht ze huelen? Op dësem Sommet géif et net dorëms goen, sou déi evasiv Äntwert vum Luc Frieden.

"Mir hunn haut net eng prezis Diskussioun iwwer eng Direktiv, mee generell fannen ech, datt vill vun den Direktiven, bal all, ze komplex sinn, an der deeglecher Uwendung. Wann Dir bei all Direktiv eng ganz Rei vu Spezialiste braucht, fir Iech ze erklären, wat drasteet, dann hu mir d'Zil verfeelt an dat ass eppes wat mir iwwert déi lescht Joren an Europa net ganz gutt gemaach hunn."

Wien vergësst, dat grousst Bild ze kucken, géif sech heiansdo verrennen, sou de Premier, deen net verstoppt, datt hien eng gewëss Prise de conscience doriwwer an der EU elo begréisst. Haut wier Lëtzebuerg domat net an der Minoritéit, mee et wiere vill Länner där nämmlechter Meenung.

Lauschterenplay_arrow