Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Kommissioun drot mat Stroftaxen op chineesesch E-Autoen

EU-Kommissioun

EU-Kommissioun drot mat Stroftaxen op chineesesch E-Autoen

De Kampf ëm de Marché fir Elektroautoen eskaléiert weider. No den USA wëll och elo d‘EU Strof-Taxen op chineesesch E-Autoen aféieren. Domat huet d‘EU-Kommissioun jiddwerfalls gedreet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance/dpa | Lars Penning

Et géif dovun ofhänken, ob eng Léisung mat China fonnt gëtt, heescht et vu Bréissel. D‘EU-Kommissioun analyséiert schonn zënter dem Hierscht, ob Subventioune fir E-Autoen a China deloyal Konkurrenz an der EU kéinte sinn.

Chineesesch Elektroautoe wieren nämlech normalerweis ronn 20 Prozent méi bëlleg wéi Autoen, déi an der EU produzéiert ginn.