arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 15 vun 130 Geschäfter an der Uelzechtstrooss stinn eidel

Nei Tax fir eidel Geschäfter

|
headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow

15 vun 130 Geschäfter an der Uelzechtstrooss stinn eidel

D’Stad Esch-Uelzecht gëtt déi éischt Gemeng am Land, déi eng Tax op eidel Geschäftslokaler wäert erhiewen. Et géif villfälteg Grënn fir de Leerstand ginn, mengt de fir de Commerce zoustännegen DP-Schäffe Pim Knaff.

headphones

2 min

headphones

9 min

play_arrow
Pim Knaff (DP) | © Radio 100,7
Pim Knaff (DP) (Foto: Radio 100,7)

De Gemengerot hat de Projet scho leschten Hierscht eestëmmeg ugeholl. Elo huet och den Inneministère zougestëmmt. D’Tax wäert also elo vum 1. Januar nächst Joer un agedriwwe ginn.

Den zoustännege Schäffe Pim Knaff sot am 100,7-Interview, datt 15 vun 130 Geschäfter an der Uelzechtstrooss eidel stinn. Dat wier en Taux vun 11,5 Prozent.

"Verschidde Proprietäre wëllen net verlounen"

De Leerstand hätt verschidde Facteuren. Engersäits wieren d’Loyere relativ héich zum anere wieren d’Geschäfter net méi un d’Situatioun adaptéiert. Virdrun hätt een iwwer aner Weeër probéiert fir géint de Leerstand virzegoen, dës Tax wier elo dat lescht Instrument, esou de Pim Knaff.

“Also mir hu gemierkt, datt all déi Mesuren, déi mer geholl hunn, datt se bei spezifesche Geschäfter guer keng Reaktioun provozéiert hunn. Wéi wa si am Fong net wéilten op de Maart bruecht ginn. Wéi wann de Proprietäre keen Interêt drun hat, fir se iergendwéi erëm an de Circuit anzebrénge vun de Lokaler, déi verlount sinn.”

Wat wier den Interêt vun engem Proprietär fir säi Geschäft eidel stoen ze loossen?

De Pim Knaff seet, datt verschidde Situatiounen op Streidereien tëschent Proprietär an der Gemeng zeréckzeféiere wieren oder datt d’Geschäft als Spekulatiounsobjet kaaft gouf an elo fir eng eventuell Revente prett sollt sinn.

D’Tax wäert esouwuel fir d’Geschäfter um Red-de-chaussez wéi och déi Geschäfter um éischte Stack gëllen, déi méi wéi sechs Méint eidel stinn. Déi Proprietäre, déi hiert Geschäft wëlle verlounen, wieren net viséiert, esou nach de Pim Knaff.

“Et ass fir déi Leit, déi wierklech entweder d’Geschäft zu engem par rapport zum Marché ganz iwwerdéierte Loyer proposéieren oder et guer net an de Flux wëlle bréngen.”

Dës Tax wäert op d’Fläch vum Geschäft gerechent ginn.

“E Geschäft vu ronn 180 Meterkaree dat wäert awer eng Tax vu ronn 20.000 Euro d’Joer kréien.”

play_arrow Lauschteren