De leschte Freideg war zu Wolz déi grouss Journée économie circulaire. Vill Intresséierter haten de Wee an d'Ardennestad fonnt, seet CSV-Schäffe Chantal Kauffmann.
Datt Wolz haut esou eng grouss Roll am Kader vun der Kreeslafwirtschaft spillt, geet virun allem op de perséinlechen Engagement vum Schäffe Pierre Koppes 2015 zeréck. Deemools hat d'Regierung een Opruff op d'Gemenge gemaach fir Projeten am Beräich vun der Kreeslafwirtschaft ze maachen.
Kleng ugefaangen
Finanziell ënnerstëtzt gëtt d'Gemeng vum Ëmwelt- a vum Economieministère. Den Know-how huet ee sech um Ufank lues a lues selwer ugëeegent, seet d'Chantal Kauffmann.
"Déi mannste Projete si perfekt verlaf. Mee all hu se eis wäertvoll Erkenntnisser bruecht, aus deene mir geléiert hunn. Mir hu kleng ugefaangen, zum Beispill mat der Formatioun vun eisem Personal, bis hin zum gréisste Bauprojet vun der Gemeng, de Campus Geenzepark, mat der Schoul, mam Kannermusée Plomm."
No Krittäre vun der Kreesslafwirtschaft ze bauen bedeit méi e groussen Opwand, esou d'Chantal Kauffmann. Et wieren zum Beispill sämtlech Baumaterialien duerchgechecked ginn. Gekuckt gëtt zum Beispill, ob cheemesch Produkter oder Gëftstoffer dra sinn. Esou Baustoffer sinn an der Reegel och méi deier.
Pre-use-Projet
Mam neiste Projet wéilt ee probéiere fir de Leit Baumaterial wéi Plättercher, Verbundsteng oder och Holz zur Verfügung ze stellen, wat net gebraucht ginn ass. Den Ufank mécht een an der Gemeng Wolz, spéider kéint ee sech awer virstellen, de Projet auszebauen. Wann de Projet méi grouss sollt ginn, misst een eventuell no engem externe Bedreiwer sichen.
Op der Journée économie circulaire de leschte Freideg wieren och Vertrider vun Nopeschgemengen an Architekten an Ingenieure gewiescht, esou datt si dovun ausgeet, datt d'Iddi vun der Économie circulaire weidergedroe gëtt, esou nach d'Chantal Kauffmann.