Radioen

On air

Notturno  |  James Holden - In The End You'll Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Luc Emering warnt virun ze vill Oplagen an der Produktioun vu Gidder a Liewensmëttel

Wirtschaft

De Luc Emering warnt virun ze vill Oplagen an der Produktioun vu Gidder a Liewensmëttel

"Mir mussen oppassen, datt mir eis Produktiounen net ze vill an d’Ausland verlageren", seet den DP-Deputéierte Luc Emering am 100,7-Interview. Dat géif net just fir d’Landwirtschaft gëllen, mee och fir d’Industrie a fir d’Handwierk.

auto_stories

2 min

Luc Emering | © Chris Zeien
Foto: Chris Zeien

An Europa géif et d’Tendenz ginn, datt grouss etabléiert Marken, hir Produktiounen an d’Ausland verlageren, well si hei net méi mat den Oplagen an Ideologië géifen eens ginn. Doduerch géif d’Kontroll iwwert d’Produktioun verluer goen, huet de Luc Emering.

Hien huet mam Lëtzebuerger Verbuet vu Glyphosat virun zwee Joer argumentéiert. Deemools hätt Lëtzebuerg weider Miel a Kären aus Länner importéiert an deene Glyphosat nach erlaabt war.

"Dat ass fir mech eng concurrence déloyale. Da musse mer schonn eng Linn hunn. (...) Wa mir hei eppes verbidden, da musse mir och esou konsequent sinn, an dann net Produkter importéiere goen, wou déi Qualitéitsstandarden net erfëllt sinn."

Esou Alleingäng géifen der Landwirtschaft "extreem" ze schafe maachen, genee wéi de Präisdrock duerch Importer aus der Ukrain.

D'Suerge vun de Leit eescht huelen

Sech selwer gesäit den DP-Deputéierten a fréiere President vun de Jongbaueren Luc Emering nach ëmmer als Lobbyist fir d’Landwirtschaft a spezifesch fir d’Interesse vun de jonke Baueren.

Fir hie wier dat eng vun de "gréissten Aufgaben", d‘Deputéiertemandat an d‘Suerge vun de Leit seriö ze huelen. 

"Net vun uewen erof diktéieren, wéi d’Leit ze liewen hunn, wéi d’Leit ze schaffen hunn. Dat ass elo vu verschiddene Parteie gemeet ginn, déi lescht Joren. Dat wëlle mir änneren."

Dem Deputéierte Luc Emering no, géif et iwwerdeems tëschent CSV an DP een "extrem groussen Zesummenhalt" an eng "gutt Zesummenaarbecht" ginn, souwuel an der Regierung wéi tëschent de Fraktiounen an der Chamber. Perséinlech hätt hie sech dat net esou erwaart gehat.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft
Interview
Nohaltegkeet
Wirtschaft
Ëmwelt