Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Martine Hansen: Fluchpassagéier hu kee Recht op eng zousätzlech Entschiedegung

Wéinst dem Lach an der Findel-Pist

Martine Hansen: Fluchpassagéier hu kee Recht op eng zousätzlech Entschiedegung

Iwwer 2.000 Leit ware vun de Konsequenze vum Lach de Mëttwoch an der Pist um Fluchhafe Findel betraff. Wéinst de Reparaturaarbechten hat d’Pist jo fir e puer Stonne mussen zougemaach ginn. Flich goufen annuléiert oder hu Verspéidunge kritt. Passagéier missten hir Suen zeréck kréien, oder een alternative Fluch ugebuede kréien, seet d'Konsumenteschutzministerin. E Recht op eng zousätzlech Entschiedegung hunn d'Passagéier awer net.

auto_stories

2 min

Foto: Chris Zeien

Wann ee Fluch ausfällt, hätten d'Passagéier e Recht drop, fir entweder hir Suen zeréck ze kréien, oder en neie Fluch ugebueden ze kréien, seet d’Konsumenteschutzministerin Martine Hansen. An dësem Fall hätten d'Fluchgesellschaften awer keng Schold an dofir "kënnen d’Passagéier an dësem Fall keng zousätzlech Entschiedegung kréien".

Nach net sou vill Nofro no der Impfung géint d'Blozongekrankheet

Fir d’Blozongekrankheet an de Grëff ze kréien, sollen d’Béischte geimpft ginn, esou den Appell vun der Landwirtschaftsministerin Martine Hansen. Och wa scho krank Déieren an engem Stall sinn, da soll awer geimpft ginn. Der Ministerin no, wiere genuch Impfdosissen do. D’Nofro wier awer nach net esou staark, wéi een dat gehofft hat. D’Ministerin huet awer och confirméiert, datt d’Impfunge kee komplette Schutz géife bidden.

Wéinst dëser viraler Infektiounskrankheet - virun allem bei Schof a bei Randbéischten - gëtt de Moment iwwer zousätzlech staatlech Hëllefe fir d’Déierebesëtzer diskutéiert.

Warscheinlech keng zousätzlech staatlech Hëllef

De Lëtzebuerger Staat géif den Impfstoff bezuelen a 65 Prozent bei méiglech Assurance bäileeën.

"Fir de Recht si mir am gaange mat analyséieren, ob mir trotz där Assurance kënnen eng Bäihëllef ginn, wou et awer éischter esou ausgesäit, wéi wa mir dat nit kënne maachen."

D’Veterinärinspektioun hätt iwwerdeems um Radar, datt verschidde Wëlddéiere vun der Blozongekrankheet betraff sinn, esou d’Ministerin. D’Jeeër solle geschwënn informéiert ginn, wat an dëse Fäll ze maache wier. Wëlddéiere kéinten net geimpft ginn, sou d’Martine Hansen.

"De Christophe Hansen wier ee gudde Kommissär"

"Mir brauchen ee staarke Landwirtschaftskommissär an de Christophe Hansen wier do bestëmmt gutt op der Plaz", esou huet d’Landwirtschaftsministerin Martine Hansen de Moien am 100,7-Interview d’Fro beäntwert, op si sech freeë géif, wann hire Cousin, den CSV-Politiker Christophe Hansen den nächsten EU-Landwirtschaftskommissär géif ginn. Der Martine Hansen no, wier de Christophe Hansen awer och an anere Beräicher ganz gutt op der Plaz.

Aktualitéit
Gesondheet
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft
Interview
Nohaltegkeet
Ëmwelt