Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gréng Luucht fir d’Renaturéierungsgesetz

Europäesch Unioun

Gréng Luucht fir d’Renaturéierungsgesetz

D’EU-Memberlänner hunn de Méindeg um Kierchbierg de Wee fräi gemaach fir e Gesetz wat virgesäit, bis 2030 op mannst 20 Prozent a bis 2050 90 Prozent vu Land a Waasser ze renaturéieren. Och de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes war present an huet, wéi ugekënnegt, fir d’Gesetz gestëmmt.

auto_stories

3 min

headphones

4 min

Renaturéierung | © picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuser play_arrow
Foto: picture alliance / Rupert Oberhäuser | Rupert Oberhäuuser

6 Länner waren dogéint, dorënner Italien, Schweden a Finnland, a just d’Belsch huet sech enthalen. Et huet laang esou ausgesinn, wéi wann déi néideg Majoritéit net géif zesumme kommen. Mee wëll Éisträich kuerzfristeg seng Meenung geännert huet, sinn awer genuch Stëmmen zesumme komm.

Eisträich huet fir den Text gestëmmt. Déi gréng Ëmweltministesch Leonore Gewessler hat scho virum Vott op de soziale Medien ugekënnegt, datt si wäert gréng Luucht ginn. An och um Kierchbierg huet si nach emol betount, wéi wichteg dat Gesetz fir d’europäesch Unioun ass.

Den éisträichesche Kanzler protestéiert

"I’m deeply convinced that today is the day for action. And that today is the time to adopt the nature registration legislation. That’s why austria will support the law in todays vote in the council", sou déi éisträichesch Ëmweltministesch.

Dat gesäit den éisträichesche Kanzler Kay Nehammer awer däitlech anescht. An engem Bréif huet hie sech un déi belsch Presidence geriicht, a verlaangt, datt de Vott vun Eisträich net als solches ugeholl gëtt. D’Ëmweltministesch hätt net d’Recht dofir ze stëmmen – dat opgrond vum federale System an Éisträich: déi 9 Regioune wiere sech eens gewiescht, datt si sech beim Vott enthalen, mee fir d’Ëmweltministesch koum dat net a Fro.

Si hätt sech dës Entscheedung einfach gemaach a si hätt sech och rechtlech ofgeséchert.

D'Gesetz trëtt a Kraaft

Déi belsch Presidence huet schonn op de Bréif vum Kanzler Nehammer reagéiert: Si géife sech op de Vott vu gëscht baséieren, an do hätt déi éisträichesch Ministesch fir d’Gesetz gestëmmt. Als Ministesch géif si hiert Land representéieren an hir Stëmm wier legal bindend, esou déi belsch Presidence.

Den éisträichesche Kanzler huet awer ugekënnegt eng Plainte beim europäesche Geriichtshaff anzereechen. Gesetz wäert awer bis op Weideres a Kraaft trieden. Fir de lëtzebuergeschen Ëmweltminister Serge Wilmes ass de Virgang eng Éisträichesch intern politesch Ugeleeënheet. Hie wier awer frou, datt d’Gesetz elo duerchgaange wier, esou de Serge Wilmes. Op där enger Säit wier et ee wichtege Schratt fir nees méi Natur an Europa ze kréien, an op der anerer Säit géifen déi europäesch Institutiounen domat hir Credibilitéit behalen.

Zu Lëtzebuerg wier d’Regierung sech, anescht wéi an Éisträich, och direkt eens gewiescht, datt ee géif fir den Text stëmmen, esou nach den Ëmweltminister.

Lauschterenplay_arrow


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

 

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Wëssenschaft
Ëmwelt