Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Privatwënzer: Streng Reegele maachen ze schafen

Revendicatioune vun de Privatwënzer

Privatwënzer: Streng Reegele maachen ze schafen

Vill Formalitéite fir Saisonsaarbechter a streng Reglementatioune fir d’Delokaliséierung vun engem Betrib an d’Gréngzone. Dat sinn zwee vun de Punkten, op deenen de Schung bei de Privatwënzer dréckt. Dat huet d’ASBL “Privatwënzer Lëtzebuerg” e Freideg op hirer Generalversammlung kloer gemaach. Dëst Joer kënnt fir verschidde Wënzer eng weider Suerg dobäi: d’Angscht ëm d’Recolte duerch de Frascht vu virun engem Mount.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Guy Krier | © Fotografie Prisma play_arrow
De Guy Krier ass President vun de Privatwënzer. (Foto: Fotografie Prisma)

Mëtt Abrëll gouf et zwou Nuechte laang Frascht. D’Riewe waren nom Wanter schonn an der Entwécklung, esou datt déi kal Temperature bei verschiddene Planze grousse Schued gemaach hunn. "Et ass schwéier ze estiméieren, wéi grouss de Schued wierklech ass", seet de Guy Krier, President vun de Privatwënzer. Et gi lokal Ënnerscheeder. Plazeweis si bis zu 100 Prozent vun de Riewe betraff. Op anere Plaze sinn et nëmmen 20 Prozent.  

Bauen an der Gréngzone

D’Wënzerbetriber sinn iwwer d’Jore gewuess. Aus 5 Hektar pro Betrib sinn haut 10 oder 15 Hektar ginn. "Do muss de Betrib sech vergréisseren", seet de Guy Krier. Et wier awer schwiereg an d’Gréngzonen auszesidelen.

“Hei däerf een nëmme ganz einfach bauen, eng Zort Scheier just, déi mat Holz agekleet gëtt. Mir wéilten awer och alt emol eppes architektonesch Attraktives bauen.”

Dat wier och gutt fir den Ökotourismus. Iwwer dee Problem gouf et scho Récksprooch mat der Regierung, ënner anerem mam Premier Luc Frieden. Am Landwirtschaftsministère wier de Message gutt ukomm. Méi schwiereg wier et awer mam Ëmweltministere, kritiséiert de Guy Krier. 

Ze vill Formalitéite fir Saisonsaarbechter.

D’Privatwënzer iergere sech och iwwer dat strengt Aarbechtsrecht, wat fir Saisonsaarbechter gellt, déi an d’Lies hëllefe kommen. “Déi wëlle méiglechst vill Stonnen den Dag maache fir eng gutt Pai ze hunn” seet de Guy Krier. 

Wuel géifen et speziell Ausnamereegelunge ginn. Déi géifen awer dacks nach net duergoen. Et wiere generell ze vill Formalitéite gefrot. Wann net alles an der Rei wier, géif d’ITM alt emol haart duerchgräifen. Dat op eng Manéier, déi de Guy Krier iwwerdriwwe fënnt.

“Engem Betrib, deen  en Ëmsätz vu 60.000 Euro mécht, kann een net eng Strof vun 20.000 Euro operleeën.” 

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Landwirtschaft
Politik a Gesellschaft
Ëmwelt