arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Protest op der COP a Brasilien

Indigen Bevëlkerung

|
headphones

1 min

Protest op der COP a Brasilien

Op der Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilie kënnt et zu enger Manifestatioun vu Leit aus der Indigener Bevëlkerung. Eng 60 Leit blockéieren d‘Entrée fir d‘Klimakonferenz.

headphones

1 min

Protestéiert gëtt ënner anerem géint grouss Infrastrukturprojeten am Amazonasgebitt. Déi indigeen Bevëlkerung fuerdert een Treffe mam brasilianesche President Lula.

Et handelt sech heibäi ëm ee friddleche Protest, heescht et vun Zoustännege vun der Klimakonferenz. Participante vun der COP30 kënnen ee säitlechen Agank benotzen, fir eran ze kommen.