arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et gesäit net gutt aus ëm déi weltwäit Aartevillfalt

Weltnaturschutzunioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Et gesäit net gutt aus ëm déi weltwäit Aartevillfalt

Lëtzebuerg wäert op der Weltklimakonferenz a Brasilien eng nei Online Plattform lancéieren, fir weltwäit Ëmwelt- a Klimaschutz-Projete mat private Suen ze finanzéieren. Dat sot den Ëmweltminister am 100,7 Interview. Hien ass den Ament zu Abu Dhabi um Kongress vun der Weltnaturschutzunioun.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© European Union
(Foto: European Union)

D‘UICN huet do och hir neiste Rout Lëscht vun de menacéierten Déierenaarte publizéiert. An et gesäit net besonnesch gutt aus mat der Aartevillfalt.

Vun de ronn 172.600 Aarten op der UICN hirer rouder Lëscht ass bal e Véierel vum Ausstierwe bedrot. Wéinst dem Klimawandel kommen ëmmer nees neier derbäi. Dës Kéier sinn et dräi Aarte vun arktesche Robben. Si si méi no un d‘Ausstierwe geréckelt, well d‘Äis, e wichtegen Deel vun hirem Habitat, ëmmer méi séier schmëlzt. 

Bei de Vigel ass et de Constat: Bei ronn 60 Prozent vun alle Vullen-Aarte geet de Bestand zeréck.

Et gëtt och eng positiv Nouvelle: D‘Populatioun vun de grénge Mieresschildkröten huet sech erkritt, wéinst Schutzmesuren aus de leschte Joerzéngten.

Keen aneren EU-Minister dobäi

Um Kongress vun der Weltnaturschutzunioun zu Abu Dhabi ass dem Serge Wilmes opgefall. Bei den Treffen op ministeriellem Niveau wier hie bis elo deen eenzege Minister aus engem EU Land, deen dobäi ass:

"Hei si villäicht Leit vun der EU do, mee et ass kee Kommissär hei an et ass och kee soss nach Kolleeg aus der Europäescher Unioun bis elo hei gewiescht. Et hate sech der ugemellt, déi sinn awer ofgesprongen. Dat ass en Zeechen. Lëtzebuerg ass hei."

Lëtzebuerg lancéiert Onlineplattform fir Natur- a Kilmaschutzprojeten

D‘Lëtzebuerger Regierung géif, als Partnerland vun der UICN, och weider a Projeten investéieren, ewéi d‘Uplanze vu Mangroven op de Philippinnen. An de nächste fënnef Joer wéilt een 320 Milliounen Euro an Natur- a Klimaschutzprojeten weltwäit investéieren. 

An da gëtt zu Lëtzebuerg, a Kollaboratioun mat der Weltnaturschutzunioun, och geschwënn eng Online Plattform lancéiert, fir weltwäit Natur- a Klimaschutzprojeten mat private Sue kënnen ze finanzéieren. Dës Plattform wäert Lëtzebuerg den 18. November op der UNO Weltklimakonferenz zu Belem a Brasilie lancéieren, sou den Ëmweltminister Serge Wilmes.

play_arrow Lauschteren