An de betraffenen Departementer wäerten d'Temperaturen haut op ville Plazen iwwer 40 Grad klammen, mat Pointë vun 42 Grad, esou Meteo France. Et géif ee sech erwaarden, datt een no un d'Rekorder wäert erukommen, woubäi den nationalen Temperaturrekord vun 48 Grad haut warscheinlech net wäert erreecht ginn.
Risk fir weider Bëschbränn klëmmt
Och am Departement Aude, wou et rezent zum gréisste Brand a Frankräich zënter 1949 komm war, gëllt déi héchste Canicule-Warnstuf. Iwwer 16.000 Hektar hu gebrannt. D'Feier ass zënter engem Dag offiziell ënner Kontroll a souwäit geläscht. Eng Persoun hat hiert d'Liewe gelooss. Mat der neier Canicule wiisst d'Angscht viru weidere Bëschbränn. Wéinst de waarmen Temperature bléiwen iwwer 1.000 Pompjeeën zu Aude am Asaz.
A ganz Frankräich iwwer 30 Grad
Niewent den 12 Departementer, déi haut ënner der héchster Canicule-Warnstuf stinn, sinn 41 ënner der zweethéchster. Iwwerall am Land wäerten et iwwer 30 Grad ginn. Dës Extreem-Temperature wäerten och e puer Deeg unhalen. No der éischter Canicule Enn Juni, Ufank Juli ass et elo déi zweeten Hëtztwell fir dëse Summer. Météo France no kommen dës Canicullen ëmmer méi séier an hefteg noeneen, wat eng direkt Konsequenz vum Klimawandel ass.
An de leschte 16 Joer gouf et nëmmen zwee Summer ouni dës Episoden. Météo France rifft och dozou op haut an an den nächsten Deeg besonnesch no vulnerabele Persounen ze kucken, fir déi dës Hëtzt eng grouss Gefor ka sinn.