D'Departemter Rhône, Isere, Drome an Ardèche goufen um Alertenniveau eropgestuuft.
Am Süde vu Spuenie sinn 2.000 Leit an der Ëmgéigend vun der beléifter Vakanzendestinatioun Tarifa evakuéiert ginn, aus Virsiicht virun engem Bëschbrand.
Aus dem Nordweste vu Spuenien, der Regioun Castilla y Leon, ginn 13 Bränn an Zäit vun dräi Deeg gemellt. Dobäi gouf en Deel vum bekannten Touristesite Las Médulas zerstéiert , deen zënter 1997 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwe steet.
A Portugal ginn et den Ament dräi grouss Feieren a 14 Bëschfeieren halen d'Rettungsekippen an Albanien an Otem.
A Groussbritannie feelt et u Waasser. Déi éischt 6 Méint vun dësem Joer waren déi dréchenst zënter 1976.