arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Rapport warnt virun Ofhängegkeet vu fossillen Energien 

Klimawandel

|
headphones

1 min

Neie Rapport warnt virun Ofhängegkeet vu fossillen Energien 

De Klimawandel an dat globaalt Versoe fir d‘Zäregas-Emissioune séier ze reduzéieren hunn als Konsequenz, datt Millioune Leit all Joer stierwen. Dat seet en neie Rapport vun der Fach-Zäitschrëft The Lancet, deen haut um Mëttwoch publizéiert gouf.

headphones

1 min

© Ana Gram / Adobe Stock
(Foto: Ana Gram / Adobe Stock)

De Rapport analyséiert den Impakt vum Klimawandel op d‘Gesondheet a konstatéiert do eng weider Verschlechterung. Vun 20 Indicateure fir klimabedéngt Gesondheetsrisiken hätten der 12 e Rekordwäert erreecht.

Wann d‘Ofhängegkeet vu fossillen Energië Pëtrol, Kuel a Gas elo net séier gestoppt gëtt, wäert d‘Situatioun dramatesch eskaléieren an ëmmer méi Mënsche wäerte stierwen, warnt de Rapport.