Déi COP sollt een notze fir eng Diskussioun iwwer d'Verbesserung vun de Liewenskonditioun ze féieren, éischter wéi iwwer d'Temperaturen.
De Gates plädéiert fir Investissementer an d'Energien, d'Gesondheetsversuergung a widderstandsfäeg Landwirtschaft. Dat a Regiounen, déi besonnesch bedrot sinn.
Op där anerer Säit misst een awer mat den Efforte weiderfuere fir d'CO2-Emissiounen op Null ze drécken. Do wiere schonn eng Partie Fortschrëtter gemaach ginn, och wann ee wäit ewech ass vum Zil, dat sech mam Paräisser Klimaaccord virun 10 Joer gestalt gouf, esou de Gates.