arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Optakt vun der UN-Ozeankonferenz zu Nice

International Konferenz

|
headphones

1 min

Optakt vun der UN-Ozeankonferenz zu Nice

Zu Nice treffen sech vun haut un eng 50 Staats- a Regierungscheffe fir eng Konferenz vun de Vereenten Natiounen iwwer d’Ozeaner. De franséische President Emmanuel Macron wëll domat en Zeeche fir de Schutz vun de Mierer setzen.

headphones

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Zu de Sujeten zielen ënner anerem d'Surpêche, d’Plastikpollutioun an d‘Exploitatioun vun de Mieresbiedem.

D'USA, déi gréisst Mieresmuecht, hunn net virgesinn, eng Delegatioun op dës Konferenz ze schécken.

5.000 Sécherheetsautoritéite sinn un dësem Sommet am Asaz, deen nach bis den 13. Juni, also bis de Freiden.