arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Zerstéierung vun tropesche Bëscher erreecht en neie Rekord

18 Futtballsterraine pro Minutt

|
headphones

1 min

D'Zerstéierung vun tropesche Bëscher erreecht en neie Rekord

Wéinst dem Klimawandel huet d‘Verschwannen an Zerstéierung vun tropesche Bëscher en neie Rekord erreecht, mellt de World Resources Institute. Der Fuerschungsorganisatioun no wieren zejoert 6,7 Milliounen Hektar tropeschen Urwald zerstéiert ginn. Dat ass deen héchste Niveau zanter 2002, wou gefaange gouf, déi Daten ze sammelen.

headphones

1 min

All Minutt wier zejoert eng Fläch vun der Gréisst vun 18 Futtballsterraine verschwonnen, esou den Institut. Den Haaptgrond fir déi staark Hausse vun der Zerstéierung vun tropesche Bëscher wire Bëschbränn. Déi géifen ëmmer méi heefeg an intensiv gi wéinst dem vu Mënsche verursaachte Klimawandel.

De World Resources Institute betount, wieren tropesch Bëscher besonnesch wichteg fir CO2 ze späicheren a fir d‘Biodiversitéit. D‘Ausmooss vun der Zerstéierung vun deene Bëscher wier eng Katastroph.