Et ass scho fir d'zweet, datt déi international Gemeinschaft zesumme kënnt, fir ee weltwäiten Accord fir d'Begrenzung vum Plastikknascht auszehandelen. Den Optakt vun deene Verhandlunge war schonn 2022. Enn 2024 sollt dat neit Ofkommes eigentlech schonn um Dësch leien. D'Negociatioune sinn allerdéngs net einfach, an déi verschidde Staaten a Regierunge gi sech op ville Punkten net eens.
Elo oder ni
Ob et dës Kéier klappt, wier schwéier ze soen, esou d'Laura Mercier, Journalistin fir dat onofhängegt Presseorgan Kontext. Si suivéiert d'Verhandlungen, déi leschten Dënschdeg ugaange sinn, sur Place. 4 Deeg bleiwen den UN-Staaten elo nach fir zu engem Accord ze kommen. Et wier elo oder ni, esou d’Journalistin, vue datt déi geo-politesch Lag ëmmer manner favorabel géif ginn.
Produktiounskurb vu Plastik géif sech bis 2026 verdräifachen
De Liewenszyklus vu Plastik, deen notamment och d’Produktioun an d’Consommatioun beinhalt, soll reduzéiert ginn. Dat gesäit d'UNO-Mandat vir, dat dës Negociatiounen initiéiert huet. Anescht kéint d’Pollutioun net gestoppt ginn, well wa sech näischt ännert, da wäert sech d’Produktiounskurb bis 2026 verdräifachen, erkläert d'Laura Mercier.
Verschidde Point de Vuen
Déi gréisste Produkteure vu Plastik wiere pëtrol-räich Länner, wéi d'Golfstaaten, den Iran, mee och Russland, d'USA oder China. D'Produktiounslänner géife fir een Accord plädéieren, dee méi op d’Gestioun vun de Plastikdechete setzt, wéi den Tri a Recycling. Iwwer 100 Länner, dorënner vill vum afrikaneschen a südamerikanesche Kontinent, déi notamment och vill ënnert der Ëmweltbelaaschtung leiden, wëllen een Accord deen d’Plastikproduktioun limitéiert. Ronn 70 Ministere wäerten der UNO no an de kommenden Deeg op der Konferenz an der Schwäiz zesumme kommen, fir iwwert de politesche Volet ze verhandele. Ob et zu engem Accord komme wäert, bleift ofzewaarden.