Fir datt Buedemozon entseet, musse verschidde Konditiounen erfëllt sinn. Intensiv Sonnenastralung begënschtegt dëse Prozess, wéi d'Claire Heuschling, Ëmweltingenieurin beim der Ëmweltverwaltung am Beräich Loftqualitéit, erkläert.
"Do brauch een déi Precurseuren, datt iwwerhaapt emol Ozon entsteet, an déi sinn amgaangen erofzegoen. Dat heescht, dat ass virun allem vum Verkéier, also Stéckstoffoxider, an déi sinn an de leschte Joren eeben erofgaangen."
E weidere Grond wier, datt zënter 2024 eng europäescher Loftqualitéitsdirektiv reglementéiert, datt d'Bevëlkerung eréischt vun engem Stonnemëttelwäert vun 180 Mikrogramm pro Kubikmeter Ozon un an der Loft informéiert gëtt. Zu Lëtzebuerg ass soss scho vun 160 Mikrogramm pro Kubikmeter u gewarnt ginn.
Dëst Joer nach keng Alert
Mam Eropsetze vun der Warnstuf vun 160 op 180 Mikrogramm Ozon ass d'Zuel vun den Alerten zeréckgaangen. D'Zuele weisen awer, datt - och gemooss un den ale Wäerter - et manner heefeg zu Ozonwarnunge géif kommen, esou d'Ëmweltingenieurin Claire Heuschling.
D'lescht Joer war eng Ozonwarnung erausgaangen an dëst Joer bis elo nach keng.