De lëtzebuergeschen Investmentfong vum Fonds de compensation géif d’Nohaltegkeet net prioriséieren, esou d’Sarah Hirsch vun der däitscher Berodungsfirma Nextra Consulting am gemeinsame Rapport mat Greenpeace. Dat géif een un de Selektiounskrittären erkennen. De Pensiounsfong hätt d’lescht Joer 46 Prozent méi an Entreprisen investéiert, déi an den Industrië vu Kuel, Ueleg a Gas aktiv sinn, wéi nach am Joer 2022.
Paräisser Klimaaccord géif vernoléissegt ginn
Beim Choix vun den Investitioune géif virun allem de Paräisser Klimaaccord vernoléissegt ginn, dee virgesäit, déi globaler Äerderwäermung op 1,5 Grad ze limitéieren.
Greenpeace kritiséiert scho méi laang, datt de staatleche Pensiounsfong sech weigert spezifesch Secteuren aus Ëmweltgrënn aus dem Investmentportfolio auszeschléissen. Zejoert hätt de Pensiounsfong eng 137 Entreprisen ausgeschloss, just 5 Prozent wéint dem Nohaltegkeets-Volet. Et wéilt een d’Performance vum Portfolio net beanträchtegen. De Wäert läit aktuell bei bal 30 Milliarden Euro.
Norwegesche Pensiounsfong schneit besser of
D’Berodungsfirma Nextra Consulting léist dëst Argument awer net gëllen, a verweist op de norwegesche Pensiounsfong. An deem wieren nämlech 58 Prozent vun den Exklusiounen op Ëmwelt- a Klimaziler bezunn. Schonn zënter 2007 géif den norwegesche Pensiounsfong awer besser ofschneiden ewéi de Lëtzebuergeschen, esou d'Beroderin Sarah Hirsch.
Juristesch Aktioune géint Staaten
Den internationale Geriichtshaff zu Den Haag huet Enn Juli ee consultativen Avis verëffentlecht, dee Greenpeace no de Wee fir juristesch Aktioune géint Staaten, déi hir Klimaschutz-Flichten net erfëllen, kéint fräimaache. De Lëtzebuerger Pensiounsfong erfëllt déi Flichten fir Greenpeace kloer net.
800.000 Tonnen CO2
D'Beroderin Sarah Hirsch stellt fest, datt wann een de Portfolio vum staatleche Pensiounsfong an de Firmen an déi investéiert gëtt, an der Moyenne kuckt, da géifen dës momentan méi wéi 800.000 Tonnen CO2 emittéieren. Dëst wier equivalent méi wéi erlaabt, wann ee wierklech ustrieft, d'1.5 Grad Ziel vum Paräisser Klimaaccord an ze halen.
Méi nohalteg Investitiounen hätten nieft dem ideologesche Volet och finanziell Virdeeler, esou de Martin Granzow, Gerant vun Nextra Consulting. Duerch d’Anhale vu verschiddenen Nohaltegkeetsaspekter kéint een nämlech Risike wéi Kloe wéinst Skandaler oder Amenden, vermeiden.