Den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes géif sech zum Beispill international als Defenseur ginn an dann als éischt Amtshandlung de Schutz vum Wollef opginn. Dat, wéi och aner Aspekter, wieren an der Ëmweltpolitik einfach net kohärent, esou d'Joëlle Welfring.
"Dat selwecht mam Naturschutzgesetz, wou 15 Joer al Biotopen dann och der Zerstéierung fräigi ginn, grad do, wou mir elo nach Natur brauche fir eis ze schützen, fir waarm Summeren a staarke Reen. Dat si wierklech Inkohärenzen. Dat selwecht och bei der Deforestatioun, wou en Antideforestatiounsgesetz um europäesche Plang elo schonn zweemol retardéiert gouf, obwuel déi aktuell Agrarministesch dat doten als Deputéiert vun der viregter Regierung verlaangt huet, datt et solle Reegele ginn. Elo ginn et se, elo iergert si sech allkéiers, wa si net séier genuch no hanne gedréckt ginn."
Kee Bestriewen d'Offallgesetz ëmzesetzen
Donieft géif d’Regierung och net dorop kucken, datt dat 2022 gestëmmten Offallgesetz géif agehale ginn. Dat gesäit beispillsweis vir, datt grouss Supermarchéë missten en Tri vum Offall maachen oder Liwwerservicer keng Eeweeemballagë méi dierfte benotzen.
An der Praxis géif dat awer zu engem groussen Deel net ugewannt ginn an d’Regierung géif dat einfach esou lafe loossen. Doduerch géif een d’Chance op Innovatioun an deem Secteur leie loossen, esou nach d’Joëlle Welfring.
Ech fannen, datt et schwiereg ass, wa Reegelen do sinn, déi och eng gewëss Visibilitéit ginn hunn an och gewisen hunn, datt et Echeancë ginn, déi e muss respektéieren an dohier och eng Grondlag ginn, fir ze innovéieren, fir nei kleng Betriber, déi zum Beispill och esou Mehrwegsystem wollten hei zu Lëtzebuerg aféieren an duerch deen dote Flu hunn déi opginn. An déi Offer gëtt et elo net méi. An dat ass ganz evident, dat soen engem och Experten, soulaang do keen esou e Fazeout gëtt vun deene Wegwerfsystemer, soulaang kënnt och keen anere System en Place.
Iwwerdeems misst een d'Leit dobäi begleede fir Gesetzer ëmzesetzen, wat déi aktuell Regierung bei deem hei Gesetz net géif maachen.