De Secteur huet finanziell an infrastrukturell Ënnerstëtzung vum Stat fir zum Beispill de Logistikberäich gefuerdert, an d’Regierungsvertrieder hunn déi och an Aussiicht gestallt.
Stéchwuert Retrofit
Fir d’Marianne Welter, Vize-Presidentin vun der Luxembourg Confederation a Generaldirektesch vun Arthur Welter Transports, ass zum Beispill e finanzielle Support vun der Regierung beim Uschafe vun elektreschen oder Hydrogen-Camionen néideg.
"Also, dat huet schonn e ganz anere Präis wéi en normalen, et sinn der eben einfach och nach net genuch do, an d’Infrastrukture sinn nach net do. Dofir ass dat awer nach e bëssen eng Visioun."
Den DP-Wirtschaftsminister Lex Delles huet verwisen op Ënnerstëtzung fir Betriber, déi Elektroborne bei sech installéieren, a fir de Kaf vun elektresche Gefierer, deenen hir Präisser nach ganz héich wieren. Donieft huet de Minister vum Retrofit geschwat, dat heescht enger No- oder Ëmrëschtung.
"Wou mir kucken, wann e Bus, dee schonn e gewëssenen Alter huet, dee vläicht mat Diesel gefuer ass, op där anerer Säit awer och kann en elektresche Motor mat Batterië kréien."
D’Betriber sollten um Wee vum Dekarboniséiere begleet ginn, huet de Lex Delles betount.
Sputt no uewe beim Hydrogen
Der DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes no misst all Acteur seng Verantwortung iwwerhuelen, an de Staat iwwerhëlt seng. Wat Elektrobornen ugeet, wier ee gutt ënnerwee. Beim Hydrogen dogéint, wou et de Moment just eng Tankstell zu Lëtzebuerg géif ginn, wier nach Sputt no uewen.
"Do si mir nach manner wäit wéi vläicht bei der Elektrifizéierung. Mee ech mengen, och dat misste mir weider ënnerstëtzen, dat ass wichteg, och fir eis PNEC-Ziler kënnen ze erreechen."
D’Luxembourg Confederation wënscht sech iwwerdeems, datt dës Zort vu Konferenz widderholl gëtt. Si hat déi organiséiert, zesumme mat de Wirtschafts- a Mobilitéitsministèren, a mat der Stad.