Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschafts- a Sozialrot: Eenegkeet a Saache Mobilitéit

Avis mat Recommandatiounen

Wirtschafts- a Sozialrot: Eenegkeet a Saache Mobilitéit

Wéi kann déi energeetesch Transitioun geléngen a wat sinn d‘Defie fir d‘Politik? An engem Avis huet sech de Wirtschafts-a Sozialrot dem Theema ugeholl an eng ganz Rei vu Recommandatiounen ausgeschwat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Elektroauto Oplueder Charger | © Andrew Roberts / Unsplash play_arrow
Beim Ausbau vun der Elektro- an der doucer Mobilitéit ass ee sech eens. (Foto: Unsplash / Andrew Roberts)

Salariat an Ekonomie sinn am Wirtschafts-a Sozialrot vertrueden, an deementspriechend sinn d‘Recommandatiounen och op e puer Niveaue regroupéiert: Technologie, Besoin vun den Entreprisen, Mobilitéit an Akzeptanz beim Bierger.

Virrang fir d'Schinn an de Giddertransport

An de grousse Linne gouf et vill Iwwereneestëmmung tëscht Patronat a Salariat, sou de Frederic Krier vum OGBL, deen de Rapport ausgeschafft huet.

“Effektiv musse mir soen op Säite vum groupe salarial, datt mir eis eigentlech freeën, datt d‘Patronat awer bei ville Punkten déi elo d‘Menage betreffen, awer mat op de Wee gaange sinn, och wat d‘Mobilitéit ugeet. Virrang notamment fir d‘Schinn beim Gütertransport, datt se dat awer alles matgedroen hunn.”

Ausbau vun der Elektro- an der doucer Mobilitéit, technesch Neierunge mat Finanzhëllefe begleeden a weider op den ëffentlechen Transport setzen: op dës Recommandatiounen a Saache Mobilitéit ass ee sech eens ginn.

“Effektiv hu mir do och de Volet vun der Akzeptatioun vum Bierger, wou mir soen, datt méiglech Mesurë mat Zäit ugekënnegt scho musse ginn, datt d‘Leit sech kënnen drop virbereeden, an datt eventuell Alternative mussen ugebuede ginn.”

D‘Nees-Aféiere vun den zënsfräie Klimaprêten

Divergenze goufen et awer bei der Fro no Atomenergie an enger genereller Technologie-Oppenheet. Hei hunn d‘Entreprisevertrieder méi Potential gesi wéi d‘Gewerkschaften.

Et sinn och d‘Entreprisen, déi virun enger Benodeelegung duerch progressiv CO2-Besteierung a ze vill héije Stroumpräisser warnen. Op der anerer Säit missten all Schrëtt, déi an Direktioun Dekarboniséierung ginn, och bei ëffentlechen Ausschreiwunge bewäert ginn.

Verlaangt gouf och d‘Nees-Aféiere vun den zënsfräie Klimaprêten an d‘Virfinanzéiere vu Klimarenovatioune fir Stéit mat klengem Akommes.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft
Ëmwelt