arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Neie Park and Ride zu Lonkech ageweit

Vu Lëtzebuerg co-finanzéiert

|
headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Neie Park and Ride zu Lonkech ageweit

De Park and Ride ass un den ëffentlechen Transport ugebonnen a fir Passagéier mat engem Zuchbilljee gratis. De Käschtepunkt louch bei 2,7 Milliounen Euro. Dovunner huet de Grand-Duché 1,78 Milliounen Euro finanzéiert. D’Zil ass et d’Mobilitéit iwwert de Grenzen ewech ze verbesseren.

headphones

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© Ministère de la Mobilité et des Travaux publics
(Foto: Ministère de la Mobilité et des Travaux publics)

Pro Joer registréiert d’Lonkecher Gare 660.000 Passagéier, déi meescht dovu fueren tëscht Lonkech a Lëtzebuerg. Deen neie Park and Ride gouf duerch aner Transportméiglechkeete completéiert, erkläert de Jean Huart vun der Lonkecher Gemeng deen d’Aarbechten iwwerwaacht huet.

"On y a fait passer le chemin Cycloped Est qui traverse la totalité de l 'agglomération, donc le chemin le traverse, traverse le Park and Ride, d'un chemin qui fait 40 km."

Et kéint ee mam Auto, mam Vëlo, oder mam Vëlo op d‘Gare kommen an et wier ee gutt un de Busreseau ugebonnen, sou de Jean Huart.

2023 haten déi franséisch a Lëtzebuerger Regierungen ee Budget an Héicht vu 440 Milliounen Euro festgeluecht fir Infrastrukturen iwwert d'Grenzen ewech ze finanzéieren. Dee Budget gëtt all Kéiers zur Hallschent vu Lëtzebuerg a vu Frankräich finanzéiert.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt nach weider Projeten

Nieft deem Park and Ride goufen nach weider Infrastrukturen op franséischer Säit vu Lëtzebuerg co-finanzéiert, erkläert d’DP-Mobilitéitsministerin Yuriko Backes, zum Beispill d‘Extensioun vun de Garen tëscht Metz an der Grenz.

"Et sinn nach aner Aarbechten amgaangen, zum Beispill den Atelier vun engem Centre de remisage beim Montigny. Dat heescht mir missten a wëllen dat ënnerstëtzen, well ech mengen et geet wierklech hei ëm den Alldag vu ganz ville Leit."

Véronique Guillotin: Reng Schlofgemenge verhënneren

An den Aen vun der franséischer Conseillère regionale, der Véronique Guillotin misst een eng grenziwwerschreidend Commissioun schafen, déi sech ëm Landesplanung këmmert. Den Transport eleng géif net duer goen.

"C'est pour beaucoup d'autres sujets, dont l'économie, l'économie résidentielle, dont les problèmes de santé."

D’Véronique Guillotin fäert nähmlech, datt een ouni nei ekonomesch Kooperatioun aus de Gemengen op der Lëtzebuerger Grenz eng Zort Cité dortoirs schaaft, also Schlofgemenge wou Wunnen a Schaffen net beienee leien.

play_arrow Lauschteren