Am Ganze sinn 1,7 Milliounen Gefierer wéinst dësen defekten Airbags, déi zu déidlechen Accidenter gefouert hunn, den Ament a Frankräich immobiliséiert. Betraff si bal all d'Autosconstructeuren – mat Ausnahm vum Grupp Renault. Déi betraffe Gefierer misste bannent 15 Deeg nom Rendez-Vous an engem Garage reparéiert sinn, soss géifen d'Constructuren héich Astreintë riskéieren, esou nach de franséischen Transportministère.
Zu Lëtzebuerg sinn 351 Autoe betraff. Och hei gëtt de Proprietäre geroden hir Autoen net méi ze benotzen, bis datt den Airbag-System gewiesselt gouf.