Dem Paräisser Korrespondent Max Tholl no gëtt et am Moment eng absolut Majoritéit an der Assemblée, déi géint Neiwalen ass. Offiziell net aus Angscht virum Resultat, obwuel d’Sondagë kloer de rietsextreme Rassemblement National als Gewënner gesinn. Och wann den RN Neiwale fuerdert, géif och hien net op eng absolut Majoritéit kommen. Eng nei Regierung soll also nach eemol d’Stabilitéit sécheren, scheitert och dës, da wieren Neiwale kaum nach ze vermeiden.
Méiglech Kandidaten an Optiounen
De Lecornu selwer gëlt net méi als Kandidat. Et wier onwarscheinlech, datt nach eemol ee macronistesche Premier kéint kommen, well d’Oppositioun dat direkt blockéiere géif. Méiglech wier éischter eng Cohabitatioun mat de Konservativen oder der Gauche. Déi lénks Parteie fuerdere scho méi laang eng eege Regierung. Als Alternativ ass och eng technokratesch Regierung am Gespréich, wéi de Lecornu ugedeit huet. Bis muer Owend kéint d’Decisioun falen.
Schwéierfälleg Allianz
Éischt Prioritéit vun der neier Regierung wier de Budget, deen nach bis Enn vum Joer gestëmmt soll ginn. Mat enger fragiller Allianz aus Sozialisten, Ekologisten, Kommunisten a méi zentristesche Parteie kéint eng Majoritéit knapp méiglech sinn. Mee gréisser politesch Reformen, wéi d’Pensiounsreform bleiwen héich kontrovers.
President ënner Drock
De President Emmanuel Macron selwer steet ënner massivem Drock. Dräi Véierel vun de befrote Fransouse fuerderen de Sondagen no seng Demissioun. Trotzdeem gëtt et kee konkrete Plang fir e Récktrëtt.