A véier Punkte war den Nicolas Sarkozy ugeklot, hie gouf awer vum Verdacht op Korruptioun a Verontreiung vu Sue fräigesprach. Schëlleg ass hie wéinst Association de malfaiteurs. D'Geriicht gesäit et also als erwisen un, datt et Intentioune fir e Korruptiounsdeal mam deemolege libesche Staatschef Muammar al-Gaddafi gouf. Fënnef Joer muss de Sarkozy elo an de Prisong. Den 13. Oktober wäert him vum Parquet matgedeelt ginn, wéini hie seng Strof muss untrieden. De Sarkozy wäert an Appell goen an dann och eng Demande areeche fir wärend der Untersuchungshaft op fräie Fouss ze kommen, dat huet säin Affekot Jean-Michel Darrois gëschter Owend op LCI annoncéiert.
Les Républicains schwätze vu politeschem Urteel
D'Urteel wier eng Barbarei, esou den Affekot weider, deen de Riichter perséinlech Motiver géint de Sarkozy ënnerstallt huet. Och d'Reaktiounen aus dem politesche Lager waren net manner staark. Bei de konservative Les Républicains stäipt een dem Sarkozy weiderhin de Réck a schwätzt vun engem politeschen Urteel.
Gemëscht Reaktioune vun Deeler vun der Oppositioun
D'Marine Le Pen, selwer kierzlech verurteelt, huet virun allem kritiséiert datt, genee wéi bei hir, d’Urteel vollstreckt gëtt, éier een Appellsurteel feststeet. Bei der Gauche ass een iwwerdeems zefridden iwwer e gerecht Urteel. Net ouni eng gewëss Poleemik hat de Pressespriecher vun den Ekologiste geschriwwen, de Sarkozy géif elo endlech säin neie Quinquennat kréien.