arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete grousse Streikdag bannent aacht Deeg

Frankräich

|
headphones

1 min

Zweete grousse Streikdag bannent aacht Deeg

Et ass deen zweete grousse Streik bannent aacht Deeg a Frankräich. Et gëtt géint Budgetskierzunge protestéiert. Am Zuchverkéier ginn haut Perturbatiounen tëschent Frankräich a Lëtzebuerg erwaart.

headphones

1 min

Mam Opruff "Bloquons tout" hunn den 10. September d'Leit a Frankräich géint Budgetskierzungen demonstréiert. | © EPA/GUILLAUME HORCAJUELO
Ënner dem Motto "Bloquons tout" hunn den 10. September d'Leit a Frankräich géint Budgetskierzungen demonstréiert. (Foto: EPA/GUILLAUME HORCAJUELO)

Et wiere virun allem déi regional Zich op der Linn Lëtzebuerg-Metz betraff. D'TGVen an d'Zich op der Streck Lëtzebuerg-Lonkech wieren net betraff, huet d‘CFL de Mëttwoch matgedeelt. 

An de Stroossen a Frankräich gi bis zu 900.000 Leit erwaart, eng 250 Cortègë ginn uechter ganz Frankräich organiséiert.