Freidegowend no enger Reunioun mat de Parteien huet et aus dem Ëmfeld vum President Macron geheescht, hie wier optimistesch, datt et e Wee gëtt fir Kompromësser ze fannen an Neiwalen ze verhënneren.
Oppositiounsparteien annoncéiere Mësstrauensvott
Fir dat ze realiséieren huet de Macron kuerz dono de Sébastien Lecornu nach eng Kéier als Premier genannt, nodeems hien e Méindeg demissionéiert hat well hie keng Kompromëssbereetschaft bei der Oppositioun erkenne konnt an et och zu Tensioune mam konservative Regierungspartner Les Républicains koum.
Elo also soll hien et nach eemol probéieren. Aus dem Elysée heescht et de President géing him dobäi Carte Blanche ginn. Et kéint allerdéngs nees eng ganz kuerz Amtszäit fir de Lecornu ginn. D’Oppositiounsparteien hu sech no der Annonce entsat gewisen an alleguer annoncéiert, e Mësstrauensvott géint hien ze ënnerstëtzen. D’Marine Le Pen vum rietsextreme Rassemblement National sot dëse wier nach ni sou onausweichlech gewiescht.
Sträitpunkt Pensiounsreform
No der Reunioun tëschent de Parteien an dem President Freidegmëtteg hat de Sozialistechef Olivier Faure scho kloer Stellung bezunn. No der Annonce hunn d’Sozialisten nach eemol kloer gestallt, datt si de Lecornu direkt ofwielen, falls hien d’Pensiounsreform net komplett an direkt zeréckzitt.
Och beim fréiere Regierungspartner Les Républicains nennt een d’Nominatioun eng “Provokatioun”. Vill Réckhalt wäert den neien ale Premier deemno net hunn.