Kee Retour vun der Verméigenssteier, keng sougenannten Taxe Zucman op Verméigen iwwer 100 Milliounen an och keng Suspensioun vun der Pensiounsreform. Dat huet de Sébastien Lecornu am Parisien iwwer seng Budgetspläng matgedeelt.
Och soll ongeféier souvill agespuert ginn, wéi am Plang, dee säi Virgänger d’Amt kascht huet. De François Bayrou wollt den Defizit 2026 vun aktuell 5,4 Prozent vum PIB ob 4,6 Prozent erofbréngen, de Lecornu envisagéiert 4,7 Prozent.
Oppositioun tendéiert fir ee Mësstrauensvott
Fir net och direkt duerch e Mësstrauensvott ze falen, brauch hien d’Ënnerstëtzung vun der Oppositioun. De Gabriel Attal, Leader vun der Regierungspartei Renaissance, sot um Samschdeg et misst een e Kompromëss mat de Sozialiste fannen. Där hire Chef Olivier Faure huet awer kloer Wierder fonnt. Stand haut géing een e Mësstrauensvott matdroen, sou de Faure. Et wier een an der nächster Woch awer nach eemol beim Lecornu fir him d’Chance ze ginn, sech ze erklären. Och déi aner Parteie vun der Gauche si bereet fir e Mësstrauensvott.
Souguer de rietsextreme Rassemblement National (RN) huet ugekënnegt an den nächsten Deeg oder Wochen iwwer e Mësstrauensvott ze entscheeden. De Premier géif den Ament mam Kapp an d’Mauer rennen, sou den RN. En Donneschdeg wäert och nees géint d’Spuerpolitik a Frankräich protestéiert a gestreikt ginn. De Sébastien Lecornu huet iwwerdeems och ugedeit, datt hie wuel no e Mëttwoch seng Regierungsequipe wäert virstellen.