arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lecornu soll weider Gespréicher féieren

Politesch Kris

|
headphones

1 min

Lecornu soll weider Gespréicher féieren

Fir en Auswee aus der politescher Kris a Frankräich ze fannen, huet de President Emmanuel Macron den demissionäre Premier Sébastien Lecornu beoptraagt, nach weider mat de Parteien ze verhandelen.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg
(Foto: picture alliance/dpa | Moritz Frankenberg)

Gëschter Owend gouf de Macron dem Lecornu 48 Stonne laang Zäit – also bis muer - fir Gespréicher mat de politesche Kräften ze féieren, fir d‘Land ze stabiliséieren. Wann déi Verhandlunge scheiteren, géif de President seng Verantwortung huelen, heescht et aus dem Ëmfeld vum Elysée.

De Sébastien Lecornu huet op X geschriwwen, hie géif déi Tâche unhuelen an dem President bis muer den Owend soen, ob eng Léisung fonnt gouf. Gläichzäiteg widderhuele verschidde Parteien hiren Opruff zu enger Opléisung vun der Assemblée Nationale an Neiwalen - dorënner dee rietsextreeme Rassemblement National. 

De Sebastien Lecornu hat gëschter Moien iwwerraschend demissionéiert. Dat nodeems seng Nominatioune fir d‘Regierungsekipp den Owend virdru fir Kritik gesuergt haten. Déi konservativ Les Republicains hate sech virun allem un der Nominatioun vum fréiere Wirtschafts- a Finanzminister Bruno Le Maire gestouss. Deen huet ugekënnegt, sech aus der Regierung zeréckzezéien.