Dorënner de Gérald Darmanin fir d‘Justiz, de Jean-Noël Barrot fir d‘Aussepolitik an d‘Rachida Dati fir d‘Kultur. Mee et ginn och nei a bis elo éischter onbekannt Leit an der neier franséischer Regierung, dorënner Vertrieder:innen aus der Zivilgesellschaft.
Déi absolut Prioritéit fir de Lecornu ass elo, bis d‘Enn vum Joer een neie Budget fir Frankräich ze hunn. Fir deen Zäitplang anzehalen, muss d‘Regierung am Prinzip bis muer, Dënschdeg, e Budgets-Entworf virleeën.
Et ass onkloer op dem Lecornu seng zweet Regierung méi laang hale wäert ewéi déi éischt. Déi war no e puer Stonne schonn zréckgetrueden. Bei der Oppositioun hunn de riets-extreeme Rassemblement National an La France Insoumise annoncéiert, datt si haut, Méindeg, schonn eng Motion de Censure géifen deposéieren.