Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nuetsflich um Findel: Eng éiweg Diskussioun

No der neister Hausse bei den Nuetsflich

Nuetsflich um Findel: Eng éiweg Diskussioun

D'Interesse vun de Fluggesellschaften an déi vun den Awunner ronderëm de Findel sinn net einfach ënnert een Hutt ze kréien. Et géif ee versichen op e gemeinsamen Nenner ze kommen, heescht et op Säite vun de Leit ronderëm de Findel. D’Cargolux wëllt d'Flich, déi d'Awunner belaaschte kéinten, op een absolutte Minimum reduzéieren.

auto_stories

5 min

headphones

5 min

play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Nicolas Economou

Zejoert goung d’Zuel vun den Nuetsflich op eisem Flughafen ëm 85 Prozent par rapport zum Joer virdrun an d’Luucht. Ënner Nuetsflug versteet een e Fliger, deen tëschent eng Minutt op 23 Auer an eng Minutt viru 6 moies um Findel start oder lant.

Cargolux: Et muss een Equiliber fonnt ginn

Versteesdemech ass e Wuert, dat dacks an de Gespréicher mat engem Cargolux-Pilot an zwee Membere vum Syndicat d’initiative et d’intérêts locaux Fetschenhaff-Cents gefall ass. D’Cargogesellschaft wier sech den Nuisancë fir d’Leit ronderëm de Findel bewosst, misst awer och déi eege Situatioun kucken a probéieren, e Kompromëss ze fannen. Dee wier fir d’Awunner natierlech méi schwéier ze acceptéieren, seet de Pilot Claude Zehren. Et géif awer Versteesdemech op béide Säite ginn.

“Mir probéieren awer och, deene Syndikater e bëssen ze weisen, datt et eis net egal ass, wat mir do op d’Bee gestallt hunn, fir wierklech ze probéieren, déi Pünktlechkeet souwäit anzehalen, wéi et geet.”

Ass de Findel net streng genuch?

Jo, et gëtt Versteesdemech op Säite vum SIILFC, betount deem seng Presidentin Nadine Molitor. Dat am Fall, wou ee Fliger Verspéidung kritt. Dat géif ee "ganz gutt" verstoen.

Mee och wa si erkläert, net géint de Flughafen ze sinn, wéilt een awer, datt besteeënd Reglementer agehale ginn.

“Aner Länner si vill méi strikt. Do ass wierklech alles zou. Wann Dir do méi spéit kommt, gi Dir deviéiert op een anere Flughafen. Do ass et net, wéi mir hei soen: 'Oh, da kënnt Dir awer nach landen.'"

Et gëtt kee bei der Cargolux, deen erwaart, datt de Findel 24 Stonnen op ass, stellt där hire Pilot Claude Zehren fest. Lëtzebuerg hätt awer just ee Flughafen. Hie géif sech e bësse méi Versteesdemech vun den Awunner erhoffen.

E Cargoflug, gëtt de Pilot ze bedenken, ass méi schwéier ze plangen, well et méi Escalë gëtt. Och ginn d’Flughäfen ëmmer méi voll an d’Rouzäite vun de Pilote si staark reglementéiert.

De Facteur Gesondheet

Déi zwee Membere vum SIILFC halen dogéint, datt et zanter 1993 eng Tendenz a Richtung Hausse vun den Nuetsflich gëtt, an een dowéinst net an den Déifschlof kënnt. Esou eng Nuetsstéierungen kéint zu Gesondheetsschied féieren.

De Benoît Thix, zoustänneg fir den Dossier Aviatioun, verweist op Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun, datt nuets net méi wéi 40 Dezibel Kaméidi solle sinn. Do léich ee ronderëm de Findel wäit driwwer.

“2021 hate mir 35.500 Awunner, déi an der Nuecht duerch dee Kaméidi belaascht gi sinn.”

An den Ae vum Benoît Thix fält den Ureiz fir d’Cargolux, Fligeren ze kafen, déi manner Kaméidi maachen, ewech, wann d’Strofe fir nuets um Findel ze starten oder ze landen d’selwecht si wéi fir eng kleng Maschinn. Et bräicht een do vläicht méi héich Strofen. Bei Start a Landung géifen déi eege Miessapparater um Cents an zu Hamm och just minimal Ënnerscheeder vun tëschent 5 an 10 Dezibel uweisen. 

De Benoît Thix notéiert egal wéi d’Diskrepanz tëschent den Nuetsflich an dem ganze Wuesstem vun der Aviatioun hei am Land.

“Mir mierke ganz einfach, datt et awer e wesentlech méi héije Facteur un Nuetsvolle gëtt. Eng Croissance, déi wesentlech méi grouss ass, wéi déi Croissance, déi eventuell am Dag da stattfënnt.”

Manner Kaméidi duerch méi nei Fligeren

De Cargolux-Pilot ënnersträicht, datt d’Gesellschaft kee Start no 23 Auer owes plangt. Tëschent 23 Auer owes an Hallefnuecht wier dat allerdéngs fir Flich méiglech, déi verspéit wieren. Woubäi et och d’Méiglechkeet géif ginn, duerno ze starten.

“Do hu mir eis als Cargolux awer virun enger Partie Jore fräiwëlleg eng Charte ginn, zesumme mat der Administration de la navigation aérienne, fir déi Volle wierklech op e Minimum ze reduzéieren, an déi och nëmmen ze maachen, déi dann och wierklech eng Justificatioun hunn.”

De Claude Zehren weist nach drop hin, datt et eng Derogatioun fir esou Departe gëtt: Méi oder manner eng Kéier d’Woch. Zil wier et, fir déi Zuel esou niddereg wéi méiglech ze halen.

“Et ass a kengem sengem Interessi, weder am Intressi vun der Cargolux, nach am Intressi vun de Leit ronderëm de Flughafen, fir déi Zuel auszereizen.”

D’Cargolux wier och an der Preparatiounsphas fir hir eelst Fligeren ze ersetzen. Éischt nei Maschinne sollen Enn 2027 kommen. Déi géifen däitlech manner Kaméidi maachen, verséchert d'Cargoairline.


Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Mobilitéit
Politik a Gesellschaft
Wirtschaft