Et gëtt nämlech um Projet geschafft: A Kreesser vun der ANA, der staatlecher Administratioun fir Fluchnavigatioun, heescht et, et wéilt een de Projet esou séier wéi méiglech ëmsetzen.
Et gëtt Drock: Engersäits kommerziell Interessie vun den nationale Fluchgesellschaften, anerersäits och wéinst europäeschen an NATO-Sécherheetsstandarden.
Sandweiler seet Neen
Et gëtt awer nach no engem Site gesicht: Aus dem Site vis-à-vis vum aktuellen Tower op der südlecher Säit vun der Pist gëtt näischt. D'Gemeng Sandweiler, déi fir d'Baugeneemegung zoustänneg ass, huet hire Veeto ageluecht, well net wäit vum Site e Lotissement gebaut gëtt. Dat huet d'Buergermeeschtesch vu Sandweiler, d'Jacqueline Breuer, eis confirméiert.
D'Fluchlotse fäerten elo, datt den Tower keng Siicht op d'Pist kritt, respektiv datt iwwerhaapt keen neien Tower wäert gebaut ginn. Esou wéi um London City Airport, wou de Betrib schonn zum Deel à distance gereegelt géif ginn. D'Digitaliséierung mécht et méiglech.
Findel net fir een digitalen Tower gëeegent
D'Gilde vun de Fluchlotsen huet rezent e Schreiwes publizéiert, dat weise soll, datt esou e Virtual- oder Remote-Tower net realistesch wier. Um Findel wier vill ze vill gemëschten Trafick vu Cargo, Linnen-a Privatfligerei ënnerwee. Déi technesch Installatioun dofir wier pannenufälleg a wiederofhängeg. Et géif un IT-Personal feele fir dës Systemer ze geréieren an upzedaten.
Näischt géif deemno den direkte Bléck vum Fluchlotse a vum Controller op d'Pist ersetzen. An et géif um Enn och kee Geld gespuert ginn. D'Gilde vun de Fluchlotsen huet dowéinst och an de leschten Deeg déi eenzel Parteien an der Chamber kontaktéiert.
Och d'Politik interesséiert sech fir de Sujet
De Mobilitéitsministère huet eis op Nofro just erkläert, dat een op Best practices an den technologesche Fortschrëtt géif setzen, fir d'Loftsécherheet ze verbesseren. Moderniséierunge wieren dofir néideg. An un d'Lotsen ass et och scho mol de Bescheed, datt hir Aktivitéit och an Zukunft zu der Fonction publique wäert gehéieren.
D'Fro nom Datum vum neien Tower ass domadder allerdéngs nach ëmmer net beäntwert.
A mëttlerweil interesséiert sech och d'Politik fir dee Sujet: An enger gemeinsamer parlamentarescher Fro wëllen d'CSV Deputéiert Marc Spautz an Emile Eicher gewuer ginn, wéini den neien Tower soll a Service goen.