Déi europäesch Bourssen hu gëschter Owend am Plus clôturéiert: Paräis mat enger Hausse vun iwwer 3,8 Prozent, Frankfurt mat iwwer 4,5 Prozent a London mat iwwer 3 Prozent.
Op den asiatesche Boursse geet den Op an Of haut um Freideg iwwerdeems monter virun. Souhat den Nikkei-Index vun der Bourse zu Tokio bei der Ouverture e Minus vu ronn3,6 Prozent par rapport zur Clôture vu gëschter opweises. Am Verlaf vun der Seance ander japanescher Haaptstad huet den Haaptindice aus Asie souguer iwwer 5 Prozent noginn.
Um Mëttwochowend hat den Donald Trump d'Taxe fir de Gros vun de Länner fir 3 Méint ausgesat, déi fir chineesesch Produiten dogéint nach emol ugehuewen, op 125 Prozent. Virun der Press sot den US-President zu Washington, et misst ee flexibel sinn, an datt äifreg Investisseuren e bëssen erféiert gi wieren duerch dës Taxen.