Aus dem Panorama social geet ënner anerem ervir, datt Lëtzebuerg am Verglach mat de Länner aus der Eurozon den héchsten Undeel u "working poor" an der Gesellschaft huet.
Taux duebel esou héich wéi an Däitschland
"Working poor": Dat si Leit, déi obwuel se schaffen, manner wéi 60 Prozent vum Medianakommes verdéngen, also ënner dem Seuil vum Aarmutsrisiko leien.
Zu Lëtzebuerg war dat 2024 1 aktiv Persoun op 7. Deen Taux ass zu Lëtzebuerg duebel esou héich wéi an Däitschland an dräimol esou héich wéi an der Belsch, esou d’CSL.
Nora Back: Schwiereg Diskussioune mam Georges Mischo
Och schaffe goe géif een also net virum Risiko vun der Aarmut schützen, esou de Constat vun der Nora Back, déi am Numm vun de Gewerkschaften eng Erhéijung vum Mindestloun gefuerdert huet.
"A mir stoussen op daf Ouere bei der Regierung, bei dëser Regierung op d'mannst. Mir hunn elo e puermol scho mam Aarbechtsminister doriwwer geschwat. Mir wollten och an de Sozialronnen driwwer schwätzen. Do hu mir gesot kritt: 'Nee, nee, mir waarden do mol bis d'Direktiv da sécher duerch ass.' Mee mir waarden a waarden. An entre-temps ass d'Situatioun ëmmer méi desastréis. Dat heescht do, dat ass ee Levier, eng strukturell Erhéijung vum Mindestloun zu Lëtzebuerg. Mee mir wëssen awer och, mam Georges Mischo wäert dat elo net esou einfach stattfannen."
Den allgemengen Aarmutsrisiko zu Lëtzebuerg hätt sech par rapport zum Virjoer zwar liicht verbessert op 18 Prozent, mee dat wier awer beschtefalls Mëttelmooss an der Eurozon, esou de Felix Martins, Conseiller vun der Chambre des salariés weider.
Iwwer déi lescht Joerzéngte gekuckt géif den Aarmutsrisiko trotzdeem klammen. 2005 haten nach manner wéi 14 Prozent vun de Leit ënner der Aarmutsgrenz gelieft.
Transfert-sociallen ëmmer manner efficace
E weidere Constat vun der Chambre des salariés wier deen, datt d’Transfert-sociallen ëmmer manner efficace géint d’Aarmutsbekämpfung wieren, mengt de Felix Martins. Dëse Phenomen géif een zënter 2010 observéieren an hätt sech mat der Pandemie nach verschlëmmert.
Besonnesch betraff vum Aarmutsrisiko wieren dem Panorama social vun der CSL no elengerzéiend Elteren a Famillje mat 3 oder méi Kanner.