D’Spuerkeess huet d’Demissioun gëschter um Méindeg net a Relatioun mam Finanzbedruch gesat, mee mat enger neier Strategie.
D'Spuerkeess krut jo ënner anerem dëst Joer wéinst Schwächte beim Finanzmonitoring eng grouss Geldstrof vu ronn 5 Milliounen. Den Zäitpunkt vun der Annonce vun der Spuerkeess géif den Deputéiert no drop hindeiten, datt et net just ëm ee Generatiounswiessel an der Gouvernance géif goen.
Lacunnen existéiere scho méi laang
Dat war nämlech dee Grond, deen d'Spuerkeess fir d'Demissioun vun der Françoise Thoma genannt huet: Et wéilt ee sech nei opstellen, fir d'Zukunft. D‘Diane Adehm, CSV-Deputéiert a Presidentin vun der Chamber Finanzkommissioun wëllt dee perséinleche Choix vun der Françoise Thoma net kommentéieren. Si fënnt awer, datt een ee Lien zur der Caritas-Affär net ausschléisse kéint.
"Fakt ass awer, datt et nach ëmmer Lacunne goufen, déi wärend e puer Joer existéiert hunn. D'Caritas -Skandal ass komm. An ech mengen de Minister hat jo och am Summer ganz kloer gesot gehat, datt et fir hie keen Tabu géing ginn an och keen Tabu personeller Natur."
Et wier elo wichteg, datt d'Bank sech den Erausfuerderungen unhëlt.
Keng Iwwerraschung fir d'Oppositioun
D’Deputéiert vun déi gréng Sam Tanson, betount, datt d’Responsabilitéit net just bei enger Persoun läit. Fir si wier de Sujet domat och nach net ofgehaakt.
"Also wat ech ganz wichteg fannen, dat ass, datt mer all déi Froen, déi opgeworf goufen, och am Kader vun de Sanktioune vun der CSSF, datt mer awer do och reegelméisseg elo um Courant gehale ginn, datt deem elo alles Rechnung gedroe gëtt"
Den LSAP-Deputéiert Franz Fayot weist sech iwwerdeems wéineg iwwerrascht. Fir hien ass dës Demissioun et ee logesche Schrëtt.
"Wann esou eppes am Ausland geschitt, dat heescht, wann eng Bank sanktionéiert gëtt wéinst Verfeelungen an hirer Compliance, wéinst Recommandatiounen, déi net ëmgesat goufen iwwert eng länger Zäit, an et gëtt eeben esou eng Geldstrof ausgesprach, dann ass et normal, datt och personell Konsequenze gezu ginn."
Bis eng Nofolleg vun der Françoise Thoma fonnt gouf, wäert si weider Spuerkeess-Generaldirectrice vun der bleiwen, huet et gëschter nach vun der Spuerkeess geheescht.