Ënnerschriwwen ass de Rapport nach net. D'Rapportrice Taina Bofferding géif nach Ergänzunge vun den Deputéiert abauen. De Kommissiounspresident Charel Weiler ass awer optimistesch, datt en an der nächster Sitzung um Mëttwoch ugeholl wäert ginn.
Als Spezialkommissioun wier een an de leschte 24 Sitzungen un d'Limitte gestouss. Beispillsweis wier ee mat kontradiktoreschen Aussoe konfrontéiert gewiescht, op déi een a kenger Weis hätt kenne reagéieren, bedaueren d‘Deputéiert no der Sitzung. Dofir géif een der Chamber den 10. Juli, éiert d'Debate lassginn, proposéieren, datt soll erfuerscht ginn, wei aner Parlamenter fir esou Fäll, wei d'Fraude vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas, opgestallt sinn an op een zu Lëtzebuerg net misst aner Moyenen en place setzen.
Staat brauch Iwwerbléck iwwer Konventiounen
Et wier een awer och nach zu weidere Conclusioune komm, erkläert d’Rapportrice Taina Bofferding. Zu Beispill misst de Staat een Iwwerbléck iwwer d'Konventioune kréien, déi e mat eenzelen Acteuren huet. Den Ament huet all Ministère seng Konventioun, dat misst méi harmoniséiert, wann net souguer uniform ginn, mengt d'Taina Bofferding. Deemno missten d'Konventiounen zentraliséiert ginn.
Och an der Chamberspezialkommissioun Caritas wier een zur Conclusioun komm, datt de Parquet weider rekrutéiere misst.
Fir zu weideren, politesche Conclusiounen ze kommen, misst een iwwerdeems d’Enquêten ofwaarden, esou nach d’Rapportrice Taina Bofferding.