Am September zejoert ass annoncéiert ginn, datt d’Caritas hir international Aktivitéite stoppe misst. Wéi mir dat an der neier Episod vum 100,7-Podcast iwwer d'Caritas-Affär weisen, huet de Kooperatiounsminister Xavier Bettel den Dossier an den éischte Woche vun der Krisegestioun op Distanz gehalen. Dozou seet d’Djuna Bernard, datt de Minister nach eemol op d‘Efforte vu sengen Ekippen am September insistéiert hätt.
"Ech mengen, dass deen Effort maassgeeblech doduercher entstanen ass, dass mir Drock gemaach hunn, well iwwer déi Méint virdru war awer eng grouss Absence vum Minister ze gesinn."
Oppositioun gesäit kee proaktiivt Agéiere vun der Regierung
De Xavier Bettel selwer sot um Méindeg näischt no der Entrevue mat der Spezialkommissioun. Och d'Justizministesch Elisabeth Margue net. Fir d'Regierung huet just de Premier Luc Frieden dono een Interview ginn. An deen huet widderholl, datt d'Regierung d'Caritas nom Finanzbedruch net hätt wéilte retten, wéinst de Caritas-Kreditlinne bei zwou Lëtzebuerger Banken.
Fir de Kommissiounspresident, den CSV-Deputéierte Charel Weiler, an den Tom Weidig vun der ADR war et richteg vun der Regierung, fir d’Caritas net ze retten. De Rescht vun der Oppositioun gesäit beim Agéiere vun der Regierung trotzdeem kee proaktiivt Virgoen, fir eng Caritas-intern Léisung ze fannen.
Kommissioun wëll bis Juli Aarbechten ofschléissen
D‘LSAP-Fraktiounscheffin sot iwwerdeems, datt een elo gefrot hätt, fir déi Avis-juridiquen ze gesinn, déi d‘Regierung zu hiren Decisioune verleet hätten.
Och déi gréng an déi Lénk bleiwen der Meenung, datt d’Regierung net proaktiv genuch virgaangen ass. D'Spezialkommissioun wëll bis Ufank Juli hir Aarbechten ofschléissen. Den 10. Juli ass an der Chamber eng Debatt iwwer d'Caritas-Affär.