Hëllef um Terrain war virun 10 Méint gegrënnt ginn, fir een Deel vun den Aktivitéite vun der Caritas ze iwwerhuelen. Am Abrëll dëst Joer ass déi fréier Ombudsman Claudia Monti Presidentin vun der ASBL Hëllef um Terrain ginn.
Zur finanzieller Situatioun vun Hëllef um Terrain huet d'Claudia Monti am 100,7-Interview gesot, de Moment géif et goen. Mee et wier een Challenge a kee Selbstläufer.
"Mir hu just keng Donen"
D'Presidentin vun HUT huet dorun erënnert, datt och d'Caritas Konventiounen hat.
“Mir maachen näischt aneschters, wéi d'Caritas gemaach huet. Mir hu just am Moment keng eegen Donen. Mir hu verschidden Aktivitéiten net konnten iwwerhuelen, well do d'Moyenen net dofir do sinn. Wann de Ministère seet, mir bezuelen iech keng Auslandsaarbecht, da kënne mir dat net maachen. Mir hunn am Moment och selwer gesot, den Discours politique wollte mir tel quel net iwwerhuelen, well mir musse kucken, datt d'Leit gehollef kréien. Du kanns net op alle Fronte sinn.”
D'Grënnung vun HUT an d'Iwwerhuele vun den Aktivitéite wieren an der Urgence gemaach ginn, esou d'Claudia Monti.
“Well mir iergendwéi hu musse kucken, datt déi Servicer virulafen, well soss hätten déi, déi eebe justement vulnerabel sinn, virun der Dier gestanen. Et ass ëmmer einfach ze kritiséieren, wa bis eppes gebaut ass. Also wann aner Leit aner Iddie gehat hätten, wier et schéi gewiescht. Also wann aner Leit och d'Hand gereecht hätte, wier et schéi gewiescht. Duerno ze kommen an ech hätt dat esou gemaach, ech hätt dat esou gemaach. Jo, dat mécht mech traureg.”
Dat wier eng Kritik, déi géif wéidinn, huet d'Presidentin vun Hëllef um Terrain betount.
HUT-Direkter hätt "déi sozial Fiber"
Direkter vun HUT ass de féiere Police-Generaldirekter Philippe Schrantz. Et wier eng "komplett falsch Interpretatioun" et esou duerzestellen, datt ee fréiere Polizist geholl gi wier, fir déi Vulnerabelst "an der Gitt ze halen". Zur Persoun vum Philippe Schrantz huet d'Claudia Monti gesot, datt ee Mënsch net nëmmen aus dem Job géif bestoen, deen e gemaach huet.
“Mee e besteet och nach aus engem Privatmënsch an aus deenen Engagementer, déi hien huet. (...) Natierlech kann ee soen, et ass en ale Flic, wat bréngt deen eis elo? Mee och d'Polizisten hunn eng Experienz um Terrain. Och d'Poliziste wëssen, wat vulnerabel Leit sinn, well si hu ganz vill mat vulnerabele Leit ze dinn. De Philippe huet déi sozial Fiber an ech denken, hie mécht deen Job och ganz gutt.”
Déi nei Presidentin vun Hëllef um Terrain Claudia Monti huet den Androck, datt de Kampf géint d'Aarmut nach ëmmer eng Prioritéit fir de Premier Luc Frieden (CSV) wier.
“Also ech gi mol staark dovun aus, well soss géife mir net ënnerstëtzt ginn. An am Moment gi mir wierklech ënnerstëtzt, quitt wéi gesot, et ass sous contrôle, mee mir ginn ënnerstëtzt.”
Déi fréier Affekotin Claudia Monti war fir d'DP politesch aktiv, ënner anerem als Vizepresidentin vun der Demokratescher Partei. 2017 war si als Ombudsman gewielt ginn. Enn Abrëll dëst Joer ass si Presidentin vun Hëllef um Terrain ginn.