arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Info-Handicap: PAN 2.0. ass nach verbesserungsfäeg

Rechter vu Mënsche mat Behënnerung 

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Info-Handicap: PAN 2.0. ass nach verbesserungsfäeg

An der Ëmsetzung vun der UN-Behënnerten-Konventioun hätt sech zu Lëtzebuerg an de leschte Jore vill gedoen. Et géif awer nach Verbesserungsbedarf ginn, seet d'Christine Zimmer, Chargée de direction vun Info-Handicap. 

 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Illustratioun "Mënsche mat Behënnerung"  | © Bigstock
Illustratioun "Mënsche mat Behënnerung" (Foto: Bigstock)

D'lescht Woch huet de Familljeminister Max Hahn iwwer d'Ëmsetzung vum PAN 2.0. (Plan d’action national fir d'Rechter vu Mënsche mat Behënnerung) informéiert an e positive Bilan gezunn. 

Eréischt 2 Mesuren ëmgesat 

Ee vun de Punkten am Aktiounsplang ass d'Unerkennung vu Mënsche mat Behënnerung och am rechtleche Kader. Hei goufen awer eréischt 2 vun de geplangten Aktiounen ëmgesat. 14 sinn nach "en cours de route". 

Dorënner de Gesetzesprojet iwwer d'Mandat de protection future, deen 2023 deposéiert gouf. Hei geet et drëm, datt een am Viraus eng Persoun designéiere kann, där - am Fall wou - eng Vollmacht fir d'Versuergung zougeschwat gëtt. 

E Wee fort vun der Tutelle 

An engem weidere Schrëtt soll dann och de legale Kader iwwer Tutelle geännert ginn. Et sollt ee fort vun der Tutelle kommen, erkläert d'Christine Zimmer vun Info-Handicap. Si fuerdert méi ënnerstëtzend Mesurë fir Entscheedungen ze treffen am Plaz vun enger Tutelle. 

Bis elo läit hei just en Avant-projet de loi vir. D'Ännerung vun der Tutelle ass schonn eng laangjäreg Fuerderung vun den Auteuren um Terrain.

Aarbechtsmarché ass net inklusiv genuch 

Am Rapport vu KPMG vum Aktiounsplang heescht et, datt an der Kategorie Aarbecht 7 vu 14 Mesuren ëmgesat goufen. Woubäi d'Inklusionshëllef fir den Aarbechtsmarché an der Realitéit net esou gutt funktionéiert. Déi soll reforméiert ginn, seet d'Christine Zimmer. 

“Et soll ee vun Ufank un en inklusiven an accessibele Rekrutementsprozess hunn.” 

An och de Familljeminister Max Hahn ass der Meenung, datt ee verschidde Punkten ëmmer erëm adaptéiere misst. Dat wier dann déi "grouss Motivatioun" fir e PAN 3.0. Dee soll Enn 2026 a Kraaft trieden.

play_arrow Lauschteren