arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Léon Gloden: Däitsch Grenzkontrolle solle méi déif an Däitschland erageréckelt ginn

40 Joer Schengener Ofkommes

|
headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow

Léon Gloden: Däitsch Grenzkontrolle solle méi déif an Däitschland erageréckelt ginn

Am Dossier Grenzkontrolle géif den Drock op Däitschland ëmmer méi grouss ginn. Dowéinst géif hien de Moment mam däitschen Inneminister Alexander Dobrindt kucke fir d’Grenzkontrollen op der Schengener Autobunn op d'mannst méi wäit an Däitschland eran ze verréckelen.

headphones

2 min

headphones

12 min

play_arrow
Inneminister Léon Gloden  | © Michelle Barthel
Inneminister Léon Gloden (Foto: Michelle Barthel )

De Léon Gloden mengt iwwerdeems, den Alexander Dobrindt hätt bis ewell net richteg verstanen, wéi d'Groussregioun genee funktionéiert. Dobäi géife beispillsweis och schonn déi Tréierer Geschäftsleit soen, datt d'Grenzkontrolle sech negativ op hir Geschäfter auswierke well manner Lëtzebuerger:inne géife kommen, esou den Inneminister. An och wann dem CSU-Politiker Dobrindt seng Politik an Däitschland selwer gutt ukënnt - ëmmerhi soen zwee Drëttel vun den Däitschen, datt si d'Grenzkontrolle gutt fannen - mengt de Léon Gloden, datt den Drock vu Lëtzebuerger Säit eppes bewierke kann.

"Den Här Dobrindt huet schonn eng Kéier e grousse Prozess am Europarecht verluer iwwer d'Maut an ech mengen, wann et géif hei zu engem Prozess komme virum Europäesche Geriichtshaff, dat ka jo sinn, dat ka jo duerch en, duerch eng Initiativ vun engem Bierger kommen, ech mengen, et si schonn zwee Urteeler an Däitschland, e Refereesgeriicht an en Urteel vum Verfassungsgeriicht vu Bayern, da muss awer och e Politiker oppassen an eng Regierung, wat se mécht. A wa se nach géifen eng Kéier e Prozess verléieren opgrond vum europäesche Recht, dat géif awer net gutt ukommen."

Esouwäit den Inneminister Leon Gloden, deen awer och zouginn huet, datt d'Prozedure virum EUGH ënner Ëmstänn laang kënnen daueren.

play_arrow Lauschteren